MSF Lëtzebuerg sammelt zejoert 7,6 Milliounen Euro u Spenden

© Photo by ANNA MARGUERITAT / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Bal 24.000 Donateuren hunn 2024 dozou bäigedroen, datt Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg 7,6 Milliounen Euro u Spende sammele konnt.
D'Sektioun Lëtzebuerg vu Médecins Sans Frontières (MSF) huet am Joer 2024 am Ganze 7,6 Milliounen Euro u Spende gesammelt. Dem neien Aktivitéitsrapport no koumen iwwer 98 Prozent vun hire finanzielle Mëttel aus private Spenden. Dat wier eng "bewosst" Strategie, fir "onofhängeg" ze bleiwen, ass am Communiqué ze liesen.
MSF gëtt vu ronn 24.000 aktiven Donateuren ënnerstëtzt, dorënner bal 9.000 reegelméisseg Spender. De Rapport ënnersträicht och, datt 98 Prozent vun de Gemengen zu Lëtzebuerg op d'mannst een MSF-Spender hunn.
"Mir leeën dee gréisste Wäert op d'Transparenz vis-à-vis vu Leit, déi eis ënnerstëtzen, a vis-à-vis vun der strenger Gestioun vun eise Finanzen", kommentéiert d'Esther Leick, Directrice fir Kommunikatioun a Spenden-Opriff.
Reegelméisseg Donateuren hunn 2024 een Drëttel vun der Gesamtzomm ausgemaach – am Ganze ronn 2,3 Milliounen Euro. Trotzdeem zielt déi humanitär Organisatioun awer och op d'Ënnerstëtzung vu groussen Donateuren an och op Ierfschaften.
Fir d'Engy Ali, Presidentin vun MSF Lëtzebuerg, ass eng staark Presenz essentiel, fir kënnen hir Missioun z'erfëllen: "Dat lescht Joer hu mir eisen Impakt zu Lëtzebuerg mat Recherche-Programmer a Sensibiliséierungsinitiative verstäerkt, virop ënnert de méi jonke Generatiounen."
Trotz de gudde Resultater warnt d'Organisatioun virun de Konsequenze vun engem weltwäiten Zeréckgoe vun der humanitärer Hëllef. Den Thomas Kauffmann, Direkter vun MSF Lëtzebuerg, betount: "Déi drastesch Kierzunge bei humanitärer Hëllef, zum Beispill bei USAID, sinn eng déif Suerg. Mir ginn dacks gefrot, ob mir de Réckzuch vun aneren Organisatioune kënne kompenséieren, mee de Besoin ass esou grouss, dat et fir eis absolut onméiglech ass, déi aktuell an zukünfteg Lacunnen ze fëllen."
Sou war d'Joer 2024 gepräägt vu schwéieren humanitäre Krisen, besonnesch a Gaza an am Sudan, wou "Zivilisten, humanitär Aarbechter an och Infrastruktur reegelméisseg attackéiert goufen", sou MSF Lëtzebuerg. Dem Rapport no wieren an de leschten 20 Méint am Gaza 12 MSF-Mataarbechter ëmbruecht ginn.
MSF Lëtzebuerg an der Gazasträif: "Rar esou eng Brutalitéit erlieft, keng Plaz ass méi sécher"
Op internationalem Niveau huet MSF seng Aktivitéiten däitlech ausgebaut: iwwer 16 Millioune Consultatiounen, bal 1,6 Millioune Spidolsopnamen, 368.900 Gebuerten, an iwwer 506.000 Seancen am Beräich vun der mentaler Gesondheet goufe verzeechent.