Wéi d'Police mellt, gouf e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg eng Fra zu Bouneweg beklaut.

Si krut hire Portmonni an de Schlëssel aus dem Grapp gerappt. De presuméierten Täter hunn d'Beamten no enger Sichaktioun net fonnt, d'Ermëttlunge lafen.

An dann hu sech och nees Chaufferen alkoholiséiert hannert d'Steier gesat. Dat zum Beispill e Mëttwochnomëtteg zu Biergem. Do war den Automobilist och säi Permis lass.

An der Nuecht op en Donneschdeg krut d'Police en Auto am Gruef tëscht Dippech a Mamer signaliséiert. D'Automobilistin ass awer mat hirem Won geflücht, wéi si bis d'blo Luuchten erbléckst huet. D'Beamte sinn hannendru gefuer a konnten d'Fra kuerz drop stoppen. Si hat däitlech ze vill gedronk, wat en Test och bewisen huet. Si krut e provisoresche Fuerverbuet an e Protokoll.

En Donneschdeg de Moie fréi gouf d'Police dunn nach op en Accident an der Lonkecher Strooss zu Rodange geruff. Do war e Won a geparkte Gefierer gerannt. Op der Plaz ukomm, hunn d'Beamte festgestallt, dass och hei Alkohol am Spill war. De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol an och hei gouf et e provisoresche Fuerverbuet.