De Gilles Roth wosst Bescheed, de Luc Frieden net

Wéini wousst wéi ee Minister Bescheed, datt d’Bankenopsiicht CSSF der Spuerkeess eng Sanktioun vu bal fënnef Milliounen Euro géing ginn?
A firwat hu se den Deputéierte vun der Caritas-Spezialkommissioun näischt dovu gesot?
Dës oder änlech Froen hunn d'Deputéiert vun der LSAP, Déi Gréng an déi Lénk a verschiddene Variatiounen un d'Regierung gestallt, nodeems d'CSSF hir Decisioun géint d'BCEE Enn Juli publizéiert hat.
Dee Moment hat sech erausgestallt, datt déi Verantwortlech vun der Spuerkeess schonn iwwert d'Strof Bescheed woussten, wéi si de 5. Mee an der Spezialkommissioun waren, fir Froen iwwert den Dossier Caritas ze beäntwerten. Mee d'Direktioun vun der Bank, déi zu 100 Prozent dem Staat gehéiert, huet den Deputéierten näischt dovu gesot.
A senger Äntwert un de Marc Baum erkläert de Premier Luc Frieden, hien hätt selwer näischt vun der Strof wéinst Manquementer am Anti-Geldwäsch-Dispositif gewosst, wéi hien am spéide Mee an der Caritas-Spezialkommissioun war.
Spuerkeess wollt verhënneren, datt d'Strof public gëtt
De Finanzminister Gilles Roth dogéint gouf den 2. Mee, also deen Dag selwer, wou d'Bank vun der CSSF Bescheed krut, mëndlech vum Regierungskommissär bei der Spuerkeess informéiert. Him gouf gläichzäiteg gesot, datt d'Bank all Méiglechkeete géing préiwen, fir Recours ze maachen, e Recours, deen d'Bank den 30. Mee gemaach huet: "Et ass net onwesentlech ze ënnersträichen, dass de Recours gracieux vun der Spuerkeess sech besonnesch op de Prinzip vun der Publikatioun vun der Decisioun bezunn huet", heescht et an der Äntwert un d'LSAP-Deputéierten Taina Bofferding, Franz Fayot a Mars Di Bartolomeo.
Am Kloertext heescht dat: D'BCEE wollt net, datt d'CSSF d'Sanktioun géif ëffentlech maachen, also datt de Public dovu gewuer géif. Dofir, esou d'Argument vum Finanzminister, wier et him net méiglech gewiescht, sech ze äusseren - d'CSSF hätt de Recours jo vläicht akzeptéiert. Elo, wou d'Strof public wier, wier de Gilles Roth och gären bereet, der Chamber déi Decisioun offiziell matzedeelen.
Mat deem Argument - datt d’Prozedur vum Recours nach net ofgeschloss war - hat sech och d'Spuerkeess-Direktioun verdeedegt, nodeems verschidden Deputéiert kritiséiert haten, si hätt der Spezialkommissioun net d’Wourecht gesot an op hir Aussoen an der Chamberkommissioun verwisen. "Dat war zu deem Zäitpunkt net méiglech. Sollten do Malentenduë sinn, dann deet dat eis wierklech Leed, well dat war wierklech net eis Intentioun", sot d'Françoise Thoma RTL den 6. August.
Regierung schéckt BCEE externe Consultant
Aus den Äntwerten un d'Deputéiert geet och ervir, datt d'Aussoe vun der Spuerkeess-Leedung an der Caritas-Kommissioun fir Diskussiounen am Verwaltungsrot gesuergt hunn. Dobäi hätt sech awer erausgestallt, datt d'Aussoe vun der Spuerkeess-Directrice Françoise Thoma, d'Bank hätt d'Prozeduren agehalen, sech op déi intern Reegele bezunn hätt, déi dee Moment en place waren.
D'Personal hätt also déi intern Reegelen befollegt. "Et huet sech awer erausgestallt, dass dës Reegelen, déi kontinuéierlech verbessert ginn, fir nei Risiken a Bedruchsmethode Rechnung ze droen, der Komplexitéit vun der Caritas-Fraude net konnte Rechnung droen."
2020 hat d'CSSF eng éischte Kéier festgestallt, datt der BCEE hiren Dispositif géint d'Geldwäsch an d'Terrorfinanzéierung net géing duergoen.
D'Regierung "bedauert", datt véier Joer méi spéit, "de System fir d'Iwwerwaachung vun den Transaktioune vun der Spuerkeess trotz de Verbesserungen, déi gemaach goufen, nach ëmmer strukturell Mängel opweist an dass d’Bank eng nei administrativ Strof kritt huet".
Dowéinst huet d'Regierung weider Mesurë geholl. Am Numm vum Proprietär, heescht et, hätt de Regierungskommissär am Conseil proposéiert, eng "international Beroderfirma mat groussem Wëssen an deem Secteur ze beoptragen, fir eng onofhängeg Evaluatioun" vun de Systemer vun der Bank ze maachen.
Bis November soll op Basis vun där Auswäertung e Plang fir weider Korrektur-Mesuren ausgeschafft ginn.