D'Police vu Capellen huet de Basis-Rapport vum Accident opgeholl. Duerch Kameraopname konnt eng Friemawierkung ausgeschloss ginn.

Famill vum Affer op Policebüro empfaangen

Dräi Deeg no den tragesche Faite war d'Famill vum Affer, op hir eegen Demande hin, vun der zoustänneger Police a Presenz vun hirem Affekot empfaange ginn. Wéi et vum Parquet heescht, gouf der Famill wärend dëser Entrevue erkläert, dass et Videoopname vum Virfall ginn, déi kloer dokumentéieren, dass et sech ëm en trageschen Accident handelt. Eng Interventioun vun enger Drëttpersoun kann ausgeschloss ginn.

Op d'Fro hin, ob eng Plainte virläit, huet de Parquet geäntwert, dass dat den Ament net de Fall wier.

RTL

Rumeuren an der Ëffentlechkeet

An der Ëffentlechkeet zirkuléiere Rumeuren, grad ënner Jonken am Alter vum Verstuerwenen, dass dësen op d'Gleiser gestouss gouf. De Parquet huet betount, dass et sech dobäi ëm reng Spekulatiounen handelt, déi net duerch d'Elementer vun der Enquête ënnerstëtzt ginn. Schrëftlech heescht et: "Et ass traureg, dass Leit esou Rumeuren an d’Welt setzen an esou der Famill zousätzleche Misär maachen a si veronsécheren."

E Mëttwoch, de 6. August 2025 krut en Zuch, dee vu Lonkech a Richtung Stad gefuer ass, beim Passage duerch d'Gare zu Leideleng de Jong vu 16 Joer mat héijer Vitess ze paken. RTL-Informatiounen no hat hie Kopfhörer un, wéi hien hannert engem Zuch, deen an der Gare stoung, iwwer d'Gleiser op déi aner Säit vum Quai wollt eriwwergoen.

D'Doris Horvath, Chef de Service vun der Sécherheet, der Sûreté an der Ëmwelt bei den CFL, war viru kuerzem Invitée vun der Redaktioun. Am Interview huet si virop op d'Geforen higewisen, wa Leit op geféierleche Plazen iwwer d'Gleiser ginn.

RTL