Haff annoncéiert komplette Programm vum Trounwiessel am Oktober

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Den Haff huet de komplette Programm vum Trounwiessel annoncéiert, inklusiv den offiziellen Zeremonien an der Stad an enger sëllegen Evenementer am Land.
Fënnef Etappen a fënnef Stied am Land, eng offiziell Ofdankungs- a Vereedegungszeremonie, e feierlechen Te Deum a Volleksfester am ganze Land – sou presentéiert sech de Programm vum Trounwiessel um éischten Oktober-Weekend 2025.
Lass geet et Freides den 3. Oktober mam offiziellen Deel, wou de Grand-Duc Henri ofdankt an de Lieutenant-Représentant Guillaume an der Chamber vereedegt gëtt. Um 13.30 Auer begréisst déi nei Troun-Koppel Guillaume a Stéphanie mat hieren zwee Prënzekanner dann d'Leit um Knuedler, éier duerno eng Receptioun am Stater Cercle ass.

Héichpunkt vun de Feierlechkeeten ass awer eng Tournée samschdes vum neie Grand-Duc duerch déi verschidden Deeler vum Land: lass geet et op der Musel, wou zu Maacher de Sport am Mëttelpunkt steet. Zu Wolz gëtt d'Diversitéit vu Land a Leit beliicht, éier zu Stengefort d'Solidaritéit duerch eng Visitt am interkommunale Spidol geéiert gëtt.
Zu Diddeleng gëtt e Spektakel gewisen, deen d'Verännerunge vun der Gesellschaft duerstellt, éier d'Finall vun der Tournée an der Stad op der Rouder Bréck ass, wou et e weidert, speziellt konzipéiert Event wäert ginn, éier dann um Glacis eng Drone-Show ass. Volleksfester mat vill Concerten ginn um Samschdeg zu Wolz, Diddeleng an natierlech an der Stad organiséiert.
Ofschloss vum Pappendagsweekend an dem Trounwiessel ass en Te Deum sonndes um 11.00 Auer an der Stater Kathedral, dee vum Kardinol Hollerich zelebréiert gëtt.