D'Fuerderunge vun der Salariatskummer si kloer: en individuellt Recht an e politesche Kader, fir sech kënne weiderzebilden.

D’Erausfuerderunge vum Aarbechtsmaart sinn divers: Digitaliséierung, kënschtlech Intelligenz an d’ekologesch Transitioun verlaange permanent Upassunge bei de Formatiounen. Mat engem breede Mesurëpak fuerdert d’Chambre des Salariés eng grëndlech Reform vun der Aus- a Weiderbildung. Bei den Erwuessenen ass d‘Beruffsausbildung zimmlech beléift, bei de Jonke manner. Dat ënnersträicht och de Lifelong Learning Center (LLLC). Den LLLC kuckt wärenddeem op ee Rekordjoer zeréck a stellt nei Offere fir 2025/26 vir.

CSL fuerdert Recht op Formatiounen / Reportage Chris Meisch

D‘Fuerderunge vun der Salariatskummer si kloer: En individuellt Recht an e politesche Kader, fir sech kënne weiderzebilden. D’Patrone solle verflicht ginn, hir Mataarbechter fir Formatioune fräizestellen. De Staat soll dobäi hëllefen, datt Zäit- a Sueproblemer keng Barrière méi sinn, esou d‘Nora Back, Presidentin vum CSL.

Si fuerdert e politescht Engagement: "Natierlech ginn et haut Entreprisen, déi maachen dat fir hir Leit. Mä dat ass awer net jiddereen an dofir brauche mir et iwwer ee Gesetzeswee, well et eeben net méiglech ass, fir esou vill Leit Weiderbildungen ze maachen. Mir mierken et och am Quality-Work-Index, déi Enquête, déi mir all Joer maachen, dass et ëmmer manner Leit ginn, déi dozou kommen, eng Formation continue an hirem Liewen ze maachen."
 
All Salarié soll d‘Recht op eng Weiderbildung hunn. Eng Reform vum Congé individuelle de formation, andeem d‘Zuel vun de Congésdeeg eropgesat gëtt, ass eng Approche, esou de Claude Cardoso, stellvertriedenden Direkter vun der Chambre des salariés.

Déi aner wier iwwer finanziell Hëllefen: "Oft ass et esou, dass verschidde Formatiounen awer e gewësse Coût hunn an et ass net all Salarié, deen déi finanziell Méiglechkeeten huet, fir sech déi Formatioun kënnen ze leeschten. D‘Entreprisë kënne jo och hire Plan de formation kofinanzéiere loossen an esou analog proposéiere mir, dass och esou finanziell Hëllefe fir d‘Salariéë solle geschaaft ginn. An den drëtte Punkt, wat och immens wichteg ass, ass d‘Orientatioun."
 
Den Ament kéim eng Orientatioun nämlech dacks ze spéit, et misst méi Viraarbecht gemaach ginn. D‘Schüler mussen eng Sektioun wielen, ouni datt se eng kloer Iddi hunn, wou se hi wëllen, esou d‘Françoise Schmit, Conseilliere de direction vun der CDL. Si schléit vir, ee Fach iwwer d‘Beruffsorientéierung anzeféieren.

Iwwerdeems baut den LLLC säi Portfolio u Formatioune staark aus – mat Schwéierpunkten op Management, Digitaliséierung, KI, Energieeffizienz an dem Finanzsecteur, wou entweder nei Coursen ugebuede ginn oder méi aler iwwerschafft goufen.