Fir e Mëttwochowend krut d'Police nees eng Rei Abréch gemellt.

Sou zum Beispill an en Haus an der Monnerecher Strooss zu Éilereng, wou sech d'Täter éischten Informatiounen no Accès iwwer eng Terrassendier verschaf hunn. Hei goufe Raim duerchwullt a Bijoue geklaut.

Dee selwechten Owend gouf et en Abroch an en Haus an der Rue des Pruniers an der Polvermillen. Och hei si bis ewell onbekannt Täter agedrongen, méi Detailer ginn am Bulletin vun der Police allerdéngs net preziséiert.

A béide Fäll ass eng Enquête lancéiert ginn. Preventiv Rotschléi fir de Schutz virun Abréch fannt Dir hei.