Och Lëtzebuerger Police um Münchener Oktoberfest am Asaz

© Police Lëtzebuerg
Um Oktoberfest vun dësem Joer kruten déi däitsch Beamten ënner anerem och Ënnerstëtzung aus Lëtzebuerg, Holland, Frankräich, Portugal an Italien.
Wéi an engem Schreiwes vun der Lëtzebuerger Police ze liesen ass, wier den Departement vun der Répression du Grand Banditisme och um Oktoberfest vertruede gewiescht, fir hir däitsch Kolleegen z'ënnerstëtzen. Besonnesch um sougenannten "Italienerwochenende", un deem traditionell besonnesch vill Visiteuren op der "Wiesn" sinn, hätt ee gehollef, fir Täschendéiwen ze fannen. Doduerch, datt déi däitsch Beamte vu Polizisten aus verschiddenen Natiounen ënnerstëtzt goufen, konnt een och sproochlech Barrièren iwwerbrécken.
D'Lëtzebuerger Beamte ware bei 12 Festname bedeelegt, dorënner och an engem Fall vu schwéierem Bandendéifstall.