CGDIS deelt mat
3 Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen
© RTL Archiv
Ënnert anerem koum et zu enger Kollisioun an der Industriezon um Riesenhaff.
Hei krute sech um kuerz no 13 Auer en Dënschdeg en Auto an e Camion ze paken. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vu Rammerech a Réiden.
Kuerz viru 16 Auer koum et zu engem weideren Accident tëscht engem Auto an engem Bus. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Servicer aus der Stad Lëtzebuerg waren am Asaz.
E weidere Blesséierte gouf et dann nach kuerz viru 17 Auer op der N1 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert. Een Auto war am Coup, eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mäertert, Fluessweiler an Iechternach.
Am meeschte gelies