Wéinst méigleche Bakterien
"NAN EXPERT PRO sans lactose" vu Nestlé gëtt zeréckgeruff
© RTL Grafik
Wéi d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung schreift, gëtt et wéinst dem Produit eng Alerte orange, dat wéinst méigleche Bakterien.
De Produit "NAN EXPERT PRO sans lactose" vu Nestlé muss zeréckgeruff ginn, dat wéinst méigleche Bakterien, déi, sou d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, e méigleche Risiko fir de Konsument kënnen duerstellen. Betraff si Bechere vu 400 Gramm mat dësem Bar-Code: 8445291272521.
Am meeschte gelies