Zwee presuméiert "Money Mules" vun der Police gestallt
© Image kegfire on Envato
Am Kader vun den Ermëttlungen zu der Arnaque, bei där sech Onéierlecher als Luxtrust-Mataarbechter ausginn, konnten zwee "Money Mules" gestallt ginn.
Méi genee konnt d'Sektioun Anti-Blanchiment vun der Police ee presuméierte "Money Mule" de 5. November an ee weideren den 10. November stellen. Gesicht goufen déi zwee Verdächteg ënnert anerem wéinst Blanchiment. Si sollen hir Bankkonten a Visa-Kaarten zur Verfügung gestallt hunn, fir datt Onéierlecher d'Sue vun anere Bedruchsfäll ofhiewe konnten. De Schued soll bei ronn 20.000 Euro respektiv 31.000 Euro leien.
D'Police erënnert an deem Kontext dorun, datt et strofrechtlech verfollegt ka ginn, wann ee säin eegene Kont oder seng Bankkaart zur Verfügung stellt, fir datt anerer Suen, déi si duerch Arnaquë kruten, weiderleede kënnen. Dëst fält zu Lëtzebuerg ënner Blanchiment.
D'Police réit dowéinst:
- Et soll ee mësstrauesch bei lukrativen Offere sinn, déi séier an einfach Sue verspriechen
- Ni säi Konto aneren zur Verfügung stellen
- Ni seng Bankdonnéeën un Onbekannter ginn
- Keng Suen ophiewen oder iwwerweisen, wou een net weess, wou se hierkommen
- Ni Suen op en onbekannte Konto iwwerweisen, wann ee vun aneren opgefuerdert gëtt
- Wann Dir de Verdacht hutt, datt Dir als "Money Mule" mëssbraucht gitt, sollt Dir all Transaktioune stoppen an d'Police informéieren