D'lescht Woch war e Mann bei Porto festgeholl ginn, géint deen et e Mandat d'arrêt gouf. Enn November soll hien u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

Schonn d'leschte Freideg hate portugisesch Medie gemellt, datt an der Gemeng Trofa bei Porto e Freideg ee Mann aus dem Grand-Duché festgeholl gouf, géint deen et zanter dem 7. November ee Mandat d'arrêt gouf. De 45 Joer ale Mann wier wéinst Drogenhandel gesicht ginn. De Mann war der portugisescher Police och schonn an deem Zesummenhang bekannt. Hien hätt géint 16.30 Auer kënne bei enger gängeger Kontroll identifizéiert ginn a wier doropshi festgeholl ginn. Eng Confirmatioun vum Lëtzebuerger Parquet hu mir bis elo nach net.

De Lëtzebuerger Parquet confirméiert, datt de Mann wéinst "Faite betreffend engem Drogenhandel am Süde vum Land" gesicht gi war, verhaft gouf an de 24. November u Lëtzebuerg wäert ausgeliwwert ginn.