D'Sprooch vun enger lieweger Communautéit
Zu Lëtzebuerg zielen eng 300 Leit zu der Communautéit vun de Gehörlosen. Eng Plaz, fir ënnert sech ze sinn, hu si am Escher "Kafé" fonnt.
Dolmetscher gesäit een op groussen Evenementer sur place oder ageblent op der Tëlee. Well d'Communautéit vu Gehörlosen zielt ongeféier 300 Leit zu Lëtzebuerg, déi all Dag déi däitsch Gebäerdesprooch – kuerz, DGS – benotzen.
[Für die gehörlosen Leute ist die Reportage mit deutschen Untertiteln im Artikel enthalten.]
Schwätze mat den Hänn; fir daf Leit de prinzipielle Moyen, fir ze kommunizéieren. Benotzt ginn déi sougenannte Gebäerden, also Handzeechen a Kombinatioun mat Mimik a Kierperhaltung. Am Escher Kafé ass all Mount e Gehörlosen-Treff, dee vun der Ngoc-Phung Dang organiséiert gëtt.
Am Escher Kafé hätt viru Joren eng Fra hannert der Théik geschafft, déi Gebäerde konnt. An doduerch wier d’Iddi opkomm, e Stammdësch ze maachen, op deem si sech all Mount gesinn. Souwuel Lëtzebuerger ewéi och Auslänner fannen de Wee an de Kafé. Ënnert anerem e Mann aus der Ukrain war do: Hie schwätzt zwar keen DGS, mee déi ukrainesch Gebäerdesprooch. Do hunn d’Gebäerdesproochen awer de Virdeel, dass si relativ visuell sinn, an hie mat einfachen Handzeeche konnt verstane ginn.
Sou ass och d’Kommunikatioun méiglech tëscht gehörlose Leit an deenen, déi héieren: D’Jackie, déi als Grafikerin beim Staat schafft, liest vill vun de Lëpsen of, well hir Aarbechtskolleegen op Däitsch mat hir schwätzen. Dëst huet awer seng Limitten: Nëmmen 30% kéint ee vun de Lëpsen ofliesen. Dofir kritt si wichteg Informatiounen opgeschriwwen.
Ongeféier 300 Gebäerdesproochen op der Welt
Eng universell Gebäerdesprooch gëtt et net, ronn 300 verschiddener sollen uechtert d'Welt verdeelt sinn: Eng vun deene bekanntsten ass ASL, déi an den USA an a Kanada benotzt gëtt. Länner, déi méi Amtssproochen hunn, hunn dacks och méi Gebäerdesproochen, ewéi d’Belsch (Langue des signes de Belgique francophone LSFB, an Vlaamse Gebarentaal VGT), oder d’Schwäiz (Deutschschweizer Gebärdensprache DSGS, Langue des Signes Française LSF, a Lingua die Segni Italiana LIS).
Eng Lëtzebuergesch gëtt et net; well hei déi däitsch am Gebrauch ass, ass de franséische Vocabulaire eng vun den Haapterausfuerderunge vu Gehörlosen, déi meeschtens nëmmen däitsch kënnen. Well wann d'Wuert net ka "gebäerd" ginn, also net mat engem spezifeschen Handzeeche gewise ginn, da mussen d’Leit buschtawéieren.
Zanter 2018 offiziell unerkannt
Déi däitsch Gebäerdesprooch ass offiziell unerkannt zu Lëtzebuerg. Dëst huet e puer positiv Changementer mat sech bruecht: Am Ëmgang mat staatlechen Institutiounen hu Leit, déi Probleemer mam Gehéier hunn, d’Recht op e staatsfinanzéierten Dolmetscher. 100 Stonne gratis Gebäerdesprooch-Formatioun fir Familljemembere vu gehörlose Leit goufen agefouert, esou wéi och Assistenz fir Schüler an de Schoulen. Dëst gëllt fir de Fondamental an de Lycée.
Esou ass den Aaron, 23 Joer al, ouni Dolmetscher op der Uni, a schafft vill mat KI-generéierten Transkriptiounen: "Im Gesetz steht, dass man bis zur 13. Klasse also bis zum Abitur Unterstützung bekommt als Person mit einer Hörbehinderung und ich hab dann gefragt was passiert dann danach, was macht man danach wenn man zum Beispiel weiter studieren gehen möchte. Das ist nämlich ein großes Problem deshalb wünschte ich mir, dass das Gesetz geändert wird, dass alle die Möglichkeit haben studieren zu gehen. Das ist wichtig."
DGS-Kueren zu Lëtzebuerg
Op verschiddene Plaze gi Gebäerdesproochcoursen ugebueden, ënnert anerem op der Université Populaire, an der Stad Lëtzebuerg, zu Mamer, an och zu Beggen. D’Ngoc-Phung Dang, d’Jackie, an d’Marie-Jeanne Kremer sinn dräi DGS-Dozentinnen zu Lëtzebuerg.
D’Jackie an d’Phung hu sech op der Uni zu Köln ausbilde gelooss. D’Phung ass den Ament nach amgaang mat der Ausbildung, a pendelt vill hin an hier. Well et kee richtege Studium ass, kritt si och keng finanziell Bäihëllef vum Staat, fir dës Ausbildung z’absolvéieren.
D’Jackie gëtt schonn zanter 14 Joer DGS-Kueren: "2010 hat Xavier Bettel noch bei der Gemeinde in Luxemburg Stadt gearbeitet. Er wollte Luxemburg Stadt damals barrierefrei gestalten und da kam eben die Idee auf Gebärdensprachkurse anzubieten. Die Idee war es eine Gehörlose Person einzustellen. Daraufhin hat er mich gefragt, ob ich mir vorstellen könnte mit einer Kollegin Kurse zu geben. Selbstverständlich wollen wir das gerne machen und unterstützen. Sprachkurse sind ja auch wichtig, so können wir zeigen wie wir kommunizieren."
*RTL benotzt am Artikel bewosst dat Wuert "gehörlos", well d'Communautéit dës léiwer huet ewéi dat Wuert "daf".