4,77 Milliarde fir d'CFL an 152 Millioune fir en neien Tramsschapp
© Tim Morizet - cfl.lu
Déi entspriechend Finanzéierungsgesetzer vun den CFL a vun engem zweeten Tramsschapp goufen unanime ugeholl.
Lëtzebuerg kritt een zweeten Tramsschapp, dat gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber decidéiert. Dat entspriechend Finanzéierungsgesetz gouf unanime ugeholl. Déi nei Infrastruktur wäert op der Cloche d'Or gebaut ginn. D'Stad Lëtzebuerg ass am Moment amgaangen, déi néideg Terrainen op engem Areal tëscht der A6 an dem Boulevard de Cessange ze kafen. D'Rapportrice vum Gesetzesprojet, d'DP-Deputéiert Corinne Cahen, huet ënnerstrach, datt d'Zuel vun de Leit, déi den Tram huelen, vun haut 123.000 op 300.000 pro Dag am Joer 2035 an d'Luucht goe soll. Dowéinst wier et net vu Muttwëll, d'Infrastruktur vum Tram weider auszebauen. An och wann d'Gebai Tramsschapp heesche wäert, wier et vill méi wéi een einfache Schapp a géing eng ganz Partie Aufgaben erfëllen.
"Den Tramsschapp Cloche d'Or wäert aus dräi grousse Strukture bestoen. Ee Gebai fir de Remisage, dat 240 Meter laang ass, wou da 40 Ramme vu 56 Meter Längt erapassen oder 50 Ramme vu 40 Meter Längt, dat Gebai huet 10.000 Metercarré. Da kënnt een Atelier, wou alles wat Maintenance wäert sinn, dra kënnt. Dora kommen dann och déi technesch Lokaler, déi néideg si fir d'Exploitatioun an de Fonctionnement, dat wäerten 12.000 Metercarré sinn am Ganzen."
Dobäi kommen dann nach administrativ Raimlechkeete vun 3.000 Metercarré. Nieft dem Stater Tram kéint deen neien Tramsschapp iwwregens och fir dee séieren Tram, deen d'Stad mam Süde verbanne soll, genotzt ginn. De Käschtepunkt vum Projet soll bei 152 Milliounen Euro hors TVA leien.
Budget fir d'CFL gesäit bal 5 Milliarden Euro vir
D'Chamberssëtzung stoung da ganz am Zeeche vum Schinneverkéier, well dono goung et ëm een neit Finanzéierungsgesetz vun den CFL. Den aktuelle Kontrakt leeft Enn dës Joers aus, fir den Zäitraum vun 2026 bis 2040 ass ee Budget vu 4,77 Milliarden Euro virgesinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass als Rapporter vum Gesetz op verschidde Punkten agaangen, wou d'Käschten an deenen nächste Joren an d'Luucht goe wäerten.
"Dee Budget, deen haut presentéiert gëtt, gesäit eng annuell Hausse vun de Salaire vun 1,5 Prozent vir. Da muss een natierlech och enger progressiver Augmentatioun vun der Mise en service vun zousätzlechen Installatioune Rechnung droen. Dann ass och ze erwaarden, datt den Entretien vun de Gebaier, déi dem Fonds du rail gehéieren, warscheinlech am Joer 2031 wäert an d'Luucht goen."
D'CFL wäerten an deenen nächste 15 Joer och 99 zousätzlech Leit astellen, fir d'Sécherheet op de Garen ze garantéieren. Tëscht 2032 an 2038 wäert zudeem Deel vum Fuer- respektiv Maschinnepark erneiert ginn. Dat neit Finanzéierungsgesetz vun den CFL gouf unanime ugeholl.
Da stoung och nach den Aus- an Ëmbau vun der Beetebuerger Gare um Ordre du jour. Och hei war de Gusty Graas de Rapporter an hien huet ënnerstrach, datt sech Beetebuerg zu engem vun de wichtegste Punkten am Lëtzebuerger Schinnennetz entwéckelt huet. No der Stad Lëtzebuerg hätt Beetebuerg mëttlerweil ëmmerhin déi zweetgréisste Schinneninfrastruktur vum Land. Ee wichtege Punkt vum Ëmbau géing doranner bestoen, d'Gare fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit méi accessibel ze maachen. D'Gebai géing iwwerdeems aus architektonesche Grënn erhale ginn. D'Aarbechte sollen dat nächst Joer ufänken, op mannst 7 Joer daueren a 426 Milliounen Euro hors TVA kaschten. Och hei hunn déi 60 Deputéiert mat Jo gestëmmt.