D'Rettungsdéngschter haten am Laf vum Donneschdeg vill ze dinn.

Géint 11.15 Auer gouf en Automobilist blesséiert, wéi e bei Rouderssen mat sengem Gefier en Obstakel ze pake kritt hat. D'Ambulanz vu Klierf an d'Pompjeeë vun Housen waren op der Plaz.

Kuerz viru Mëtteg war et op der A7, op der Héicht Waldhaff, en Accident tëscht engem Auto an engem Camion. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt. Sur place waren d'Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen a Jonglënster.

Zu Stroossen war et géint 13.20 Auer eng Kollisioun tëscht engem Camion an engem Auto, bei där eng Persoun blesséiert gouf. D'Pompjeeë vu Bartreng a vu Stroossen, grad esou wéi d'Ambulanz aus der Stad hu sech der Saach ugeholl.

Kuerz viru 15 Auer koum et op der A4, Héicht Lalleng, zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Bei dësem Tëschefall hunn dräi Persoune Blessuren dovu gedroen. D'Rettungsdéngschter vun Esch a Schëffleng waren hei am Asaz.

Géint 15.30 Auer hat zu Schëffleng en Automobilist mat sengem Gefier e Potto ze pake kritt a gouf bei deem Accident verwonnt. Mam Schëfflenger Sauvetage gouf hien an d'Klinik bruecht.