Zu Lëtzebuerg ginn et op 1.000 Awunner gekuckt méi Zänndoktere wéi Generalisten
 
                    © RTL Archivbild
Wéi vill Generalisten an Doktere mat Spezialisatioun ginn et hei am Land? Déi Fro huet de Piraten-Deputéierte Marc Goergen gestallt.
An de leschten 10 Joer ass d'Zuel vun den Dokteren, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, ëm méi wéi d'Hallschent (54%) geklommen. Déi stäerksten Evolutioun gëtt et bei den Zänndokteren. Do gouf et tëscht 2014 a 24 e Plus vun iwwer 70%, kuckt ee vun 2012 un, ass et souguer e Plus vun 86,2%, also bal eng Verdueblung. 
 
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Martine Deprez op parlamentaresch Froe vum Pirat Marc Goergen a vum fréiere Gesondheetsminister an LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.
 
3.572 Doktere hate mer zejoert zu Lëtzebuerg. Knapp 2.000 dovunner si Spezialisten (1.991). 773 Generalisten an 808 Zänndokteren hunn 2024 zu Lëtzebuerg praktizéiert. 176 Zänndoktere hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit, dat si knapp 22%, 170 kommen aus Frankräich.
Am August hat d'DP schonn eng Fro iwwer d'Verdeelung vun den Doktere am Land gestallt. Ronn 42 Prozent vun all de Generalisten hu sech am Zentrum néiergelooss an déi eelsten Doktere ginn et am Oste vum Land.
 
Wann een d'Unzuel vun de Generaliste pro 1.000 Awunner vu Lëtzebuerg mat där vun eisen Nopeschlänner vergläicht, stellt ee fest, datt Frankräich an d'Belsch méi Generaliste pro 1.000 Awunner hunn ewéi Lëtzebuerg. 
 
Däitschland huet iwwert d'Period vun 2014 bis 2023 déi héchsten Unzuel u Spezialiste pro 1.000 Awunner, Lëtzebuerg läit op der zweeter Plaz. Bei den Zänndoktere läit Lëtzebuerg, am Verglach mat sengen Nopeschlänner un der Spëtzt wat d'Unzuel pro 1.000 Awunner ugeet.
 
                     
                     
                     
                    