Vun den 3.541 Dokteren – Generalisten, Spezialisten an Zänndokter - déi zejoert hei am Land praktizéiert hunn, hu sech 430 am Bezierk Norden néiergelooss.

Zum Bezierk Norde gehéieren d'Kantonen Dikrech, Réiden, Klief, Wolz a Veianen, wou am Ganzen eng 100.000 Mënsche liewen. Dëst a weider Chiffere ginn aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP un d'Gesondheetsministesch ervir.
 
Wann een d'Densitéit vun de Generalisten op d’Bevëlkerung kuckt, da gëlle besonnesch d'Kantone Lëtzebuerg an Dikrech als verwinnt. Vun de 778 Generalisten hu sech bal 42 Prozent am Bezierk Zentrum néiergelooss. 
 
Zu Capellen, Réiden an Iechternach gëtt vun enger relativ héijer Dicht vu Generaliste geschwat. Als niddreg gëllt se dogéint zu Veianen mat 4 Generalisten, zu Gréiwemaacher mat 30 an zu Réimech mat 21. Am Allgemengen zielt de Bezierk Norden 118 Generalisten, also 15 Prozent vun den insgesamt 778.
 
Interessant ass dann och, dass et méi Zänndokteren a Spezialiste gëtt wéi Generalisten. Zejoert hunn 811 Zänndokter an 1.952 Spezialisten am Land praktizéiert. Mat 75 Zänndokter hunn 9 Prozent vun allen Zänndoktere sech am Norde vum Land néiergelooss. Bei de Spezialiste waren et, mat 237 Dokteren, 12 Prozent vun alle Spezialisten, déi am Bezierk Norden hir Praxis hunn. Eng héich Dicht vun Zänndokter gëtt et da besonnesch an de Kantonen Esch, Lëtzebuerg a Réimesch. Zu Veianen, Réiden an Iechternach si se méi rar. Spezialiste fanne sech besonnesch an de Kantonen Dikrech a Lëtzebuerg. 
 
An de Bezierker Süden an Zentrum ginn et déi meescht Doktere pro Awunner. Am Süden sinn et iwwer 3 pro 1.000 Awunner, am Zentrum knapp 8. Déi mannst entfalen op den Osten. Wat d'Altersstruktur ugeet, sinn d'Dokteren am Zentrum da prozentual gesinn déi jéngst. Bal d'Hallschent sinn ënner 44 Joer. 10 Prozent iwwer 65 Joer. Déi eelst Doktere fanne sech am Bezierk Osten. Bal d'Hallschent vun den 246 Dokteren do hunn iwwer 55 Joer. Am Norde si bal 41 Prozent vun de 430 Dokteren iwwer 55 Joer.