Nach keen Urteel, Riichterin fuerdert weider Expertisen
© Domingos Oliveira - rtl.lu
Am Prozess wéinst der déidlecher Messerpickerei zu Bouneweg am Januar 2021 sollt en Donneschdeg eigentlech de Verdikt falen. Ma dozou ass et net komm.
D'Riichterin huet eng weider Expertise vun de genetesche Profiller op enger ganzer Rei vu Jackette gefrot. De Laboratoire soll d’DNA vun alle fënnef Jugendleche sichen, déi deen Dag zu Bouneweg an de Sträit verwéckelt waren. Den Affekot vun der Famill vum deemools 18 Joer alen Affer, de Frank Wies, erkläert, datt dem Haaptugekloten zwee Faite virgeworf ginn:
"Dat eent dat ass, de Raphael ass erstach ginn, en ass dobäi leie bliwwen. Do ass keng Expertise néideg, fir ze wësse wien et gemaach huet. Do ass d'Fro, déi d'Geriicht just gestallt huet, war et virsätzlech e Mord oder wollt den Täter net d'Konsequenze vun deem, wat herno dobäi erauskomm ass.”
Ma och den zweeten Ugekloten am Prozess, e Frënd vum Affer, war mat engem Messer an d’Leescht gepickt ginn:
“An do huet och no véier Joer Instruktioun net d'Enquête kloer erausfonnt, wie war et. An et kann nëmmen ëm dee Punkt goen.”
Well och dem Haaptugeklote säi Kolleeg hat deen Owend e Messer dobäi. Dat gouf allerdéngs ni fonnt. Hien stoung och an dësem Prozess net viru Geriicht, well hien deemools 15 Joer hat.
Den Dag no der Messerpickerei hat d’Police beim Haaptugekloten eng ganz Rei Jackette saiséiert, well net kloer war, wéi eng hien un hat. De Frank Wies seet:
“An et si genau déi Kleeder, op deenen elo soll déi Expertise gemaach ginn. Dat heescht, datt, wéi gesot, et ass Spekulatioun. Mir mussen d'Outil liesen. Mee datt warscheinlech d'Geriicht zur Conclusioun komm ass, dee Punkt ass nach net ënnersicht ginn. Op deene Kleeder sinn nach keng Spueren ënnersicht ginn. An datt se sech dorausser erhoffe vläicht Äntwerten op d'Fro ze kréien, wien huet dann déi zweet Victime blesséiert.”
De jonke Mann, dee jo wéinst senger Verwécklung an de Sträit mat ugeklot ass, huet den Haaptugekloten a sengen Aussoe viru Geriicht net belaascht. Hien sot, hie wéisst net, wéini d’Blessur geschitt wier, well en se net direkt gespuert hat.
D’Expertise soll bis de 15. Januar virleien. Da gëtt en neien Datum gesicht, pour continuation des débats.