Nodeems elo och den CSV-Schäffen Yves Loose zeréckgetrueden ass, kéint vun nächster Woch un en neie Schäfferot zu Conter gewielt ginn.

Nodeems jo d‘CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an d‘LSAP-Schäffen Stéphanie Ansay virun e puer Wochen zeréckgetruede sinn, huet elo och den Yves Loose vun der CSV säi Récktrëtt annoncéiert. Deemno kéint schonn an der Gemengerotssëtzung nächst Woch en neie Schäfferot mam Dali Zhu vun der DP, dem Ari Arensdorff vun déi Gréng a Pol Thomé vun der LSAP gewielt ginn. Hannergrond vun dësen Demissioune ware Reprochë vu Mobbing vum Personal vun der Gemeng géint déi fréier Buergermeeschtesch.