An enger neier OECD-Etüd ginn et Detailer iwwer Lëtzebuerger Gesondheetstrends – a wéi en am Verglach mat anere Länner steet.

Et ass kee Ranking wéi en Aneren: Lëtzebuerg gëtt vun der OECD – der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung – ënner 37 anere Länner dru gemooss, wat hei am Land fir d'Gesondheet gemaach gëtt, wou all Joer op de Kapp Santés-Dépensen am Equivalent vun 8.200 Dollar ufalen.

D'Moyenne an der OECD läit bei ronn 6.000 Dollar. Quasi 80 Prozent vun de Gesondheetsausgaben hei am Land gi vun de Krankekeese gedroen.

D'Leit ginn dann ëmmer méi al: sou louch 2023 d'Altersmoyenne bei 83,4 Joer – domat ass Lëtzebuerg op der 7. Plaz, dat zesumme mat Schweden.

D'Mortalitéit läit bei 652 Stierffäll op 100.000 Awunner an domat staark ënnert der OECD-Moyenne vun 861 Doudegen op 100.000 Leit.

D'Risiko-Facteure fir krank ze gi variéiere besonnesch bei de Jonken tëscht de Länner, déi matenee verglach goufen: sou ass den dagdeegleche Konsum vu gezéckertem Gedrénks hei am Land mat 24 Prozent bei den héchsten. Hei misst weider preventiv bei de Jonken agéiert ginn, heescht et aus dem Santésministère.

Zwou aner Zuelen: aktuell ginn et véier Spidolsbetter op 1.000 Awunner an d'Moyenne vun engem Openthalt an der Klinik läit bei siwen Deeg.

Hei am Land ginn et véier Dokteren op 1.000 Awunner – wat genee identesch mat der OECD-Moyenne ass.