Experte warne viru Risiko fir verzerrt Kierperbild bei Jonken
Tëscht Schoul, Frënn an dem stännegen Afloss vu beaarbechte Biller an de Soziale Medie setze sech Jonker dacks ze fréi mat hirem Ausgesinn ënner Drock.
Tatsächlech hunn, enger Etüd no, vill Jonker ee verzerrt Bild vun hirem Kierper a kënnen am schlëmmste Fall och Iessstéierungen entwéckelen. D'Pubertéit ass esou schonn eng vulnerabel Zäit: de Kierper verännert sech, eppes wat vill Jonker veronséchert.
Ma wéinst de Soziale Medie kënnen dacks onrealistesch Kierperbiller idealiséiert ginn. Eng relativ nei Gefor, déi geféierlech gesondheetlech Konsequenze kann hunn, wéi Dr. Salima Aarab, Kanner-a Jugendpsychiaterin, erkläert: "Do kommen automatesch Algorithmen, déi ganz vill schwiereg Inhalter opweisen, wou et hi Richtung Iessstéierung-verherrlechend Biller geet oder och bis hin zu Challenges. An dat ass effektiv eng nei Gefor, déi et vläicht virun zéng Joren, virun zwanzeg Joren net esou gouf, an enger Phas, wou d'Jugendlech souwisou zimmlech fragil a veronséchert kënne si wéinst dem eegene Kierperbild."
Dofir sensibiliséiert och d'Santé scho méi laang mam Projet "Gesond iessen – Méi beweegen" fir eng gesond Relatioun zum Iessen.
Mee och fir op d'Gefore vun de Soziale Medien opmierksam ze maachen, sou d'Anne Marx, Coordinatrice bei der Santé: "Mir wëllen einfach eng equilibréiert Ernärung beschtméiglechst vermëttelen an zum Beispill, wann ee lo bei den Iessstéierunge kuckt, probéiere mer do wierklech och ni, mir schwätzen ni vu Kalorien, mir schwätzen ëmmer just vu Liewensmëttel, fir wierklech de Spaass un enger equilibréierter Ernärung eriwwer ze bréngen. Besonnesch an de Soziale Medien sinn extrem vill där selbsternannte Coachen, déi dann do wierklech Tipps ginn, déi am beschte Fall wierklech einfach falsch sinn an am schlëmmste Fall wierklech richteg, richteg geféierlech kënne ginn."
Grad an dësem Alter wier et dofir och wichteg de Jonken hir Mediekompetenzen auszebauen, wéi Dr. Aarab seet: "Dofir ass et natierlech ganz, ganz, ganz wichteg, op déi Gefor opmierksam ze sinn als Elteren, jo, awer och als Jugendlecher. Ech mengen dat ass e wichtegt Theema am Beräich Mediekompetenz, drop opmierksam ze maachen, dass dat net onbedéngt d'Realitéit ass, wéi d'Algorithme funktionéieren. Awer dass d'Elteren och ganz vill mat hire Kanner versichen iwwer Theemen ze schwätzen oder se ëmmer erëm opzegräifen, wat grad esou Trends sinn, virbeugend, präventiv, fir einfach drop anzegoen, ier et ganz schwéier ass."
Och wat d'Prise en charge vun de Betraffenen ugeet misst der Dr. Aarab no nogebessert ginn. Et bräicht virun allem eng multidisziplinär Approche mat Psychiateren, Psychologen an Ernierungsberoder op zentralen Ulafplaze fir de Betraffenen méi effikass ze hëllefen.