Procureur freet eng liewenslaang Prisongsstrof fir de Beschëllegten
D'Plaz zu Mont-Saint-Martin op där deemools den Torso vun der weiblecher Läich fonnt gouf. / © Domingos Oliveira / RTL (Archiv-Foto)
Um Dikrecher Geriicht huet de Vertrieder vum Parquet e Freideg de Moien eng liewenslaang Prisongsstrof géint den 51 Joer alen Ugeklote gefrot.
Dem Mann gëtt reprochéiert, am September 2022 eng Fra an hirem eegenen Haus ëmbruecht ze hunn, mat där hien zanter Enn 2021 eng Affär hat.
Wärend den Ermëttlungen hat den Ugeklote säin Neveu belaascht, deen e Mariage blanc mam Affer gefouert huet. Am Laf vum Prozess huet sech awer erausgeschielt, dass den Ugekloten d’Affer wuel aus Jalousie mat engem Messer ëmbruecht huet, well dëst wollt mat engem anere Mann eng fest Bezéiung agoen.
Den Ugekloten an den Neveu hunn nom Doudschlag d’Läich vum Affer am Keller a Stécker geschnidden an den Torso am franséische Mont-Saint-Martin an d’Been an de Kapp am däitschen Temmels entsuergt.
Den Dossier wier voluminéis, mee eng Pist wier wärend den Enquêtë wéi aus dem Niwwel opgedaucht: Déi vum Ugekloten, sot de Vertrieder vum Parquet a sengem Requisitoire. “Ech sinn iwwerzeegt, dass den Doudschlag, de fatale coup, am Schlofzëmmer, am Bett vum Affer war”, huet hien ënnerstrach. D’Bett wier verschwonnen a bis haut net opgetaucht. Wuel fir Spuere verschwannen ze doen. D’Bezéiung, déi den Ugekloten an d’Affer gefouert hunn, wier dann net just sexueller Natur gewiescht. Den Ugeklote géing seng Relatioun zum Affer minimiséieren. Nom Mord hätt hien dann alles gemaach, fir aner Leit der Dot ze beschëllegen.
“Den Ugekloten huet alles fir d’Affer gemaach. Huet sech fir d’Relatioun engagéiert. An op eemol hat dëst en aneren. Et ass eng Situatioun, déi net fir hien z’erdroen ass, an déi am Mord den 18. September 2022 op en Enn kënnt”, sou d’Analys vum Procureur. Fir hien ass kloer, dass den Ugekloten de Schëllegen ass. Zesumme mat sengem Neveu hätte si d’Affer dono zerstéckelt an entsuergt.
D'Defense gesäit den Neveu an der Haaptschold
Et hätt een hei de Portrait vun engem ideale Schëllege gezeechent, mee den Dossier wier voll vun Onkloerheeten, sot dann d’Affekotin vum ugeklote Familljepapp. Wisou hätt dëse sollen esou jalous iwwer den neie Partner vum Affer ginn, wou d’Affer och virdru scho parallel Relatioune gehat hätt an och den Ugeklote selwer ni wëlles gehat hätt, sech scheeden ze loossen. En plus wier et den Neveu, deen an de Maroc geflücht ass a géint deen en internationalen Haftbefeel besteet.
D’Affekotin vum Ugeklote wëllt net gëlle loossen, dass hire Mandant als “Fou amoureux” duergestallt gëtt. Et kéint een absolut net vun engem Motiv wéinst Jalousie schwätzen. Et wier schliisslech d’Affer, wat d’Initiale vum Ugekloten tätowéiert gehat hätt. Dass den Ugekloten e Loyer fir en Haus fir d’Affer bezuelt hätt, wier net, fir et a senger Géigend ze hunn, mee fir dem Mariage blanc vum Affer mat sengem Neveu méi Glafwierdegkeet ze ginn.
Zu dem Videomaterial, wat zwou Iwwerwaachungskameraen an der Géigend vum Haus opgeholl hunn, seet d’Affekotin, dass dëst hirer Meenung no näischt géing beweisen. D’Biller géingen net weisen, wat am Haus geschitt ass. Et wiere just Suppositiounen. Ma wat den Dag vum Mord passéiert ass, géing net der Logik follegen, déi zu der Conclusioun kënnt, dass hire Mandant de Schëllegen ass. “Wann den Ugekloten net beim Zerstéckelen an Entsuerge vun der Läich gehollef hätt, géing ech e komplette Fräisproch fuerderen”, sot d’Affekotin vum Ugekloten.
D’Urteel gëtt de 5. Februar 2026 gesprach.