Sechs Blesséierter, dorënner zwee Foussgänger
© Domingos Oliveira - rtl.lu
E Mëttwoch Owend an an der Nuecht op en Donneschdeg mellt de CGDIS 5 Asätz, bei deenen am Ganze sechs Persoune blesséiert gi sinn.
Hënt géint 4.15 Auer gouf et méi en uergt Accident tëscht Gréiwemaacher a Mäertert. En Auto huet sech iwwerschloen, de Chauffer gouf dobäi blesséiert. Nieft enger Ambulanz war och de Samu op der Plaz.
Dräi weider Blesséierter, dorënner zwee Foussgänger, mellt de CGDIS bei dräi Accidenter e Mëttwoch den Owend. Um Kierchbierg war géint 17.45 Auer e Foussgänger ugestouss ginn, grad wéi op der Haaptstrooss tëscht dem Findel an dem Neiduerf.
No 19.30 Auer hate sech zu Stroossen op der Areler Strooss en Auto an e Moto ze pake kritt, an zu Capellen gouf et an der Nuecht op en Donneschdeg e Feier an engem Appartement an der rue Armand Ewen. De CGDIS mellt hei zwee Blesséierter.