En Donneschdeg den Owend gouf der Police zu Beetebuerg e Virfall gemellt, bei deem eng Persoun mat enger Bedruchsmasch en Handy geklaut huet.

An engem Lokal hätt den Täter no Spende gefrot, an dofir ee Blat op den Handy geluecht, deen um Dësch louch. Dëse Moment gouf da genotzt, fir den Handy drënner onbemierkt rauszezéien. D'Sich vun der Police méi spéit hat kee Succès. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Déifställ aus Autoen

Geklaut gouf dann och en Donneschdeg den Owend aus enger Rei Autoen. Sou beispillsweis am spéiden Nomëtteg op engem Parking op der Route de Wasserbillig zu Mäertert, wou en Täter e Portmonni aus dem Gefier matgoe gelooss huet, wärend d'Besëtzerin kuerz net opgepasst hat. An der Rue Jean-Pierre Beckius um Cents konnten Täter dann e puer Géigestänn, dorënner e Rucksak, klauen a sech duerch d'Bascht maachen. A béide Fäll lafen d'Ermëttlungen.

Abréch zu Bascharage a Fluessweiler

En Donneschdeg am Nomëtteg ass zu Bascharage an der Rue Théophile Aubart an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Hei goufen e puer Raim duerchwullt an Bijouen, sou wéi Boergeld matgeholl. Owes gouf der Police dann nach ee weideren Abroch zu Fluessweiler gemellt, wou een Täter vum Awunner iwwerrascht gouf a sech duerch d'Bascht gemaach huet.