Mat de Luuchten aus
Alkoholiséierten Automobilist huet op der A1 geschlof
En Donneschdeg den Owend ass der Police op der A1 en Auto opgefall, deen ouni Luuchten op der Pannespuer op der Héicht vun der Sortie Mënsbech stoung.
Géint 23 Auer waren d'Beamte beim Gefier an hunn doropshi festgestallt, datt de Chauffer geschlof huet. En Alkoholtest ass positiv verlaf an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Kuerz drop war dann nach zu Mutfert en Auto gemellt ginn, deen a Schlaangelinne gefuer ass. D'Automobilistin konnt vun der Police gestoppt ginn. Nodeems den Alkoholtest positiv war, gouf och hei e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Am meeschte gelies