De Boykott vun de Schoulkantinnen ronderëm de Campus Geesseknäppchen wéinst dem My-Card Bezuel-System vu Restopolis ass op en Enn.

Dat deelt um Donneschdegmueren de Schülercomité vum Stater Kolléisch mat.Wéi et heescht wier d'zoustänneg Conseillère vun Restopolis enger Invitatioun fir sech virum Schülercomité z'erklären net nokomm, an hätt erkläert datt d'Ofschafe vum Bezuelen mat boer Mënz an de Kantinnen net méi ze diskutéieren wier – iwwer esou Aussoe weisen sech d'Schüler enttäuscht ma blose wéi gesot de Boykott no zwou Wochen elo of.

"MyCard" huet keen Impakt op d'Attraktivitéit vun der Offer an der Schoulkantin, dat äntwert d'Edukatiounsministesch Mady Delvaux op eng parlamentaresch Fro. Déi verschidde Menüe géife permanent dem Goût vun der Jonken ugepasst ginn, d'Iesse wier gesond an equilibréiert. D'Qualitéit vum Service géif stëmmen an de Präis och, well e vum Staat subventionéiert gëtt. Duerch d'Kaart hätt een och probéiert d'Waardezäiten an de Keesen op e Minimum ze reduzéieren, och am Kolléisch an deem et den Ament wéinst de Renovatiounsaarbechten an der Mëttesstonn ganz séier misst goen.

Zanter 2007 ass d'Zuel vun de Schüler déi an der Kantin zu Mëtteg iessen an der Moyenne ëm 8% eropgaang, schreift d'Mady Delvaux a widdersprécht domadder dem Argument, datt de System duerch "MyCard" méi onattraktiv fir d'Schüler gi wier.