Et goufe jo gréisser Sécherheetsproblemer mam Java-Plugin. Oracle huet elo reagéiert an e Patch erausbruecht.

Duerch e Feeler ass et méiglech, dass de Plugin vun Hacker dozou ausgenotzt gëtt, fir Kontroll vun engem betraffene PC ze iwwerhuelen. De Feeler wier sou rezent, dass och déi neisten Anti-Virus Software näischt dovunner géif mat kréien. Wéi sou üblech kann een den eegene PC ganz liicht domat infizéiere, je nodeems op wéi enge Säiten een am Internet surft, oder op Linke klickt, déi een net kennt.

AUDIO: Java-Problem: De François Thill, Wirtschaftsministère

De CIRCL, CASES a Bee-Secure haten de Leit geroden sech just op Säiten am Netz ze beweegen, deenen ee vertraut, an och net op onbekannte Linken ze klicken.

De Sécherheetsfeeler kann awer lo behuewe ginn, andeems een sech den Update vum Site vun Oracle erofluet.