Den CSV-Deputéierte Fred Sunnen geet net méi mat an d'Chamberwalen. De fréiere Buergermeeschter vu Suessem mécht säi Mandat awer nach fäerdeg.

De Fred Sunnen geet net méi mat an d'Chamber-Wahle vum nächste 7. Juni, mécht säi Mandat awer fäerdeg. Den CSV-Deputéierte wor 10 Joer um Krautmaart a virdru während 9 Joer Buergermeeschter vu Suessem.

De Fred Sunnen ass 1999 an 2004 op de Krautmaart gewielt ginn an ass dës Legislatur-Period ë.a. President vun der Chamber-Commissioun fir den "Enseignement supérieur".

De Süd-Deputéierten ass 69 Joer al a wor viru sénger Carrière am Parlament Sous-Direkter am Escher "Lycée Technique" an Direkter vum "Lycée Technique" vu Bouneweg.