De Grand-Duc ass op d'politesch Evenementer hei am Land, op déi international Roll vu Lëtzebuerg an op d'Bedeitung vun Educatioun a Solidaritéit agaangen.

2013 war duerch aussergewéinlech Evenementer markéiert, souwuel dobaussen wéi och heiheem. Dat sot de Grand-Duc Henri a senger Usprooch um Virowend vu Chrëschtdag.

Grand-Duc Henri: "Eis Solidaritéit ass méi wichteg wéi jee"
Den Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc vum 24. Dezember 2013.

De Staatschef huet vun engem bedauerleche Vertrauensverloscht geschwat, duerch d’Opschaffe vun Evenementer aus der Vergaangenheet:

AUDIO: D'Chrëschtusprooch 2013 vum Grand-Duc Henri

D'Opléisung vun der Chamber an Neiwahle waren doropshin néideg.Aus dëse Wahlen ass eng nei Majoritéit ervirgaangen, déi hiren Nidderschlag souwuel an der Kompositioun vun der Chamber wéi och vun der Regierung fonnt huet. Mëttlerweil sinn d'Chamber an d'Regierung konstituéiert an hir Membere vereedegt. Béid Institutiounen hunn esou d'Méiglechkeet, schonn en halleft Joer virun dem Oflaf vun der normaler Legislaturperiod nei Akzenter ze setzen als Äntwert op déi gewalteg Erausfuerderungen, déi sech eisem Land stellen. Loosst mir hinnen an deem Sënn eng glécklech Hand an der Ausübung vun hire wichtegen Aufgabe wënschen.

De Grand-Duc ass och op d’Mandat vu Lëtzebuerg am UNO-Sécherheetsrot agaangen. Op dat Mandat kéint een houfreg sinn:

Mir kënnen houfreg sinn op d’Mandat, dat Lëtzebuerg fir zwee Joer am Sécherheetsrot zoufält. Dëst stellt net nëmmen e Succès op dem diplomatesche Plang duer, mä temoignéiert och vun engem formidabelen Asaz vun eisem Land fir d’Erhalen vum Fridden an der Welt. Et ass dëst och eng logesch Fortsetzung vun deemselwechten Effort, deen eist Land an der Friddensgestaltung ënnert der Regie vun der UNO anhëlt duerch d'bereet Stelle vun Lëtzebuerger Zaldoten a Polizisten.

De Grand-Duc Henri ass awer och op di schwéier wirtschaftlech a finanziell Kris an Europa an zu Lëtzebuerg agaangen. Et hätt nach ni souvill Leit ouni Aarbecht ginn, dorënner vill eeler Leit awer och Jonker, déi misste gehollef kréien.

Et wier wichteg, dass d’Jugend déi beschtméiglech Educatioun kritt. D’Famill, d’Schoul an dat ganzt soziaalt Ëmfeld missten déi Jonk sou gutt, wéi et geet, op hir Plaz an der Gesellschaft virbereeden.

Als eent vun den Haaptziler huet de Grand-Duc d'Bekämpfung vun der Aarmut virginn: "Eis Solidaritéit ass méi wichteg wéi jee." An dat hei am Land, ma och uechtert d'Welt.

Dee ganzen Text vun der Usprooch

Hei drënner déi lëtzebuergesch Versioun vum "Discours de Noël de Son Altesse Royale le Grand-Duc".

Léif Matbierger,

Wéi d'Traditioun et wëllt, géing ech gären um Virowend vu Chrëschtdag e puer Iwwerleeunge mat Iech deelen anhand vun deene wichtegsten Evenementer aus dem vergaangene Joer. Wa mir d'Méint Revue passéiere loossen, stelle mir fest, datt 2013 e Joer war, dat esouwuel dobaussen ewéi heiheem vun aussergewéinlechen Evenementer geprägt war.

Fir d’éischt wéilt ech op déi Handlungen aus der Vergaangenheet zeréckkommen, deenen hiert Opschaffe zu engem bedauerleche Vertrauensverloscht an d'Politik an an d'Institutioune gefouert huet. D'Opléisung vun der Chamber an Neiwahle waren doropshin néideg.

Aus dëse Wahlen ass eng nei Majoritéit ervirgaangen, déi hiren Nidderschlag souwuel an der Kompositioun vun der Chamber wéi och vun der Regierung fonnt huet. Mëttlerweil sinn d'Chamber an d'Regierung konstituéiert an hir Membere vereedegt. Béid Institutiounen hunn esou d'Méiglechkeet, schonn en halleft Joer virun dem Oflaf vun der normaler Legislaturperiod nei Akzenter ze setzen als Äntwert op déi gewalteg Erausfuerderungen, déi sech eisem Land stellen. Loosst mir hinnen an deem Sënn eng glécklech Hand an der Ausübung vun hire wichtegen Aufgabe wënschen.

D'Aarbecht vun der aler Regierung verdéngt och gewürdegt ze ginn. An un hirer Spëtzt dem Här Juncker wëll ech besonnesch Merci soe fir alles, wat hien esou laang fir Lëtzebuerg an Europa gemaach huet.

Ech wéilt awer och net mëssen, op dee grousse politeschen Engagement hinzeweisen, deen dës Wahle gekennzeechent hunn. Nach ni goufen et esou vill Kandidaturen. Dëst ass och ee Beweis dofir, datt eis Gesellschaft eng lieweg ass an datt vill Matbierger bereet sinn, sech fir d’Allgemengheet anzesetzen. Ech wëll hinnen all, och deenen, déi kee politescht Mandat kruten, e groussen Merci soe fir hiert Engagement.

Léif Matbierger,

Ech kommen och dëst Joer net derlaanscht, déi schwéier finanziell a wirtschaftlech Situatioun an Europa an zu Lëtzebuerg unzeschwätzen. Wann et och Unzeeche gëtt, datt déi wirtschaftlech Aktivitéiten am nächste Joer een neien Opschwong erliewe kënnten, esou bleift dach dat soziaalt a finanziellt Ëmfeld och heiheem weider bestëmmt vun de Konsequenze vun der globaler Kris.

Nach ni goufen et esou vill Persounen hei am Land ouni Aarbecht. Vill vun hinne sinn eeler Salariéen, déi hir Schaff verluer hunn a fir déi et ganz schwéier ass, sech nei um Aarbechtsmaart ze positionéieren.
Mä och di Jonk musse gehollef kréien. Vill vun hinne géife gären hiert Liewen an zwou Hänn huelen, mä ouni Aarbecht kënne si hir privat, familiär a berufflech Pläng nëmme schwéier oder guer net realiséieren.

Dorunner ass sécher dat besotent schwéiert wirtschaftlecht Ëmfeld mat schold. Awer och dat mangelnd Bewosstsinn, datt ouni eng zolidd Ausbildung et besonnesch fir déi Jonk, déi op der Sich no enger Schaff sinn, ëmmer méi schwéier wäert ginn, eng Aarbecht ze fannen.

D’Mutatioun vun eiser Wirtschaft an eng ëmmer méi elaboréiert Déngschtleeschtungsgesellschaft ënnersträicht d’Noutwendegkeet, eiser Jugend déi beschtméiglech Erzéiung ze ginn an dës spéider duerch eng geziilte Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung ze ergänzen.

Et ass also immens wichteg, datt hir Famill, d’Schoul an dat gesamtent soziaalt Ëmfeld déi Jonk op hir Plaz an der Gesellschaft an am Beruff virbereeden. Et gëllt besonnesch och Klischeeën a Virstellungen entgéint ze wierken, mat deene verschidde Beruffsbiller behaft sinn. Dës Orientéierung däerf net méi op engem falsche soziale Stellewäert berouen, deen zum Beispill ville manuelle Beruffer unhaft. Nëmmen duerch eng richteg Orientéierung - déi op den Ambitiounen an den Talenter vun deene Jonke baséiert - kann d‘Ausbildung gewënnbréngend si fir déi Jonk, Freed maache fir jiddwer Eenzelnen an der d’Gesellschaft am Ganze virunhëllefen.

Léif Matbierger,

Um internationale Plang wéilt ech déi wichteg Roll eraussträichen, déi Lëtzebuerg zënter dësem Fréijoer an der UNO ergraff huet. Mir kënnen houfreg sinn op d’Mandat, dat Lëtzebuerg fir zwee Joer am Sécherheetsrot zoufält. Dëst stellt net nëmmen e Succès op dem diplomatesche Plang duer, mä temoignéiert och vun engem formidabelen Asaz vun eisem Land fir d’Erhalen vum Fridden an der Welt.

Et ass dëst och eng logesch Fortsetzung vun deemselwechten Effort, deen eist Land an der Friddensgestaltung ënnert der Regie vun der UNO anhëlt duerch d'bereet Stelle vun Lëtzebuerger Zaldoten a Polizisten.

Och d’Ophuele zu Lëtzebuerg vu syresche Flüchtlinge reit sech an dëst humanitärt Engagement an. Wéi noutwendeg esou eng Hëllef ass, léisst sech ofliesen un der Verzweiwelung vun esou ville Mënschen, déi op der Flucht si virun engem Regime oder engem Krich.

Bei Geleeënheet vun der Staatsvisite an der Tierkei huet d'Grande-Duchesse zesumme mat eisem Ausseminister sech e Bild konnte maache vun den Ausmoosse vun der humanitärer Katastrof, déi duerch de Konflikt a Syrien ausgeléist gouf.

An deem Zesummenhang kënne mir alleguerten zu Recht stolz sinn op déi grouss materiell a perséinlech Ënnerstëtzung, déi eist Land an der Entwécklungsaarbecht leescht.

Ech wéilt awer déi Unerkennung net nëmmen op den Engagement um internationale Plang begrenzen. Ganz am Géigendeel; de Merite vun deene Membere vun eiser Gesellschaft, déi sech och heiheem an den Déngscht stelle vun deene Matbierger, deenen et manner gutt geet, wëll ech ausdrécklech wierdegen.

Besonnesch gëllt et weiderhin, d’Aarmut ze bekämpfen. Eis Solidaritéit ass méi wichteg wéi jee.

Op Helleger Owend wëlle mir speziell och un déi krank Mënschen an eiser Gesellschaft denken an hinne vill Courage an Zouversiicht fir d’Zukunft wënschen.

Léif Matbierger,

Perséinlech denken d’Grande-Duchesse an ech mat grousser Freed un d'Hochzäit vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire zeréck. Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir deene ville Persoune Merci ze soe fir hiert grousst Undeelhuelen un dësem schéine Fest. Déi vill Temoignagë vu Sympathie hunn eis staark beréiert.

Léif Matbierger, chers concitoyens,

Och am Numm vun der Grande-Duchesse, vu mengem Papp, dem Grand-Duc Jean, vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie an der ganzer Famill wënschen ech Iech all schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer.

Je voudrais aussi m’adresser aux ressortissants de la communauté internationale au Luxembourg et leur souhaiter un Joyeux Nöel et une très bonne Nouvelle Année.

RTL

© Cour grand-ducale/Christian Aschman/tous droits réservés