RTL bei wäitem déi 1. Informatiounsquell hei zu Lëtzebuerg
Um Donneschdeg sinn d’Resultater vun TNS-ILRES-Plurimedia iwwert de Mediekonsum zu Lëtzebuerg erauskomm.
TNS Ilres huet fir d'9. Kéier am Optrag vun den 3 grousse Medienhaiser am Land d'Mediegewunnechte vun der Lëtzebuerger Populatioun analyséiert. RTL bleift weider virop.
RTL Radio Lëtzebuerg seet sengen Nolauschterer Merci. Et si vu méindes bis freides zu iwwer 186.000, déi eise Programm lauschteren. (175.100 iwwer déi ganz Woch gekuckt)
RTL Telé Lëtzebuerg huet Wiertes all Dag ronn 137.000 Spectateuren.
D’ganz Woch iwwer consultéiere pro Dag méi wéi 122.000 Leit den RTL-Onlinesite RTL.lu.
D'Online-Medien ginn ëmmer méi beléift. D'Etude weist, datt sech iwwer 71% vun de Leit am Land iwwert den Internet informéieren. RTL.lu läit do ganz kloer viru wort.lu an essentiel.lu.
D'Lëtzebuerger Wort bleift déi beléifsten Zeitung. 39% vun de Leit hei am Land liesen se, d'Tageblatt kënnt hannendrun a gëtt vun iwwer 9% gelies.
Bei de Wochenzeitungen läit den Télécran virop, virun der Lux-Post an der Revue.
Fir d'Etude goufen iwwregens am Mee dëst Joer 2'528 – representativ- Persounen iwwer 12 Joer befrot.