Am Sträit ëm de PAG Mamer ass e Kompromëss fonnt ginn
Et hat jo eng komplizéiert Situatioun ginn, well de viregten Inneminister dee PAG acceptéiert hat, e Geriicht hat déi Decisioun awer annuléiert.
An am Hannergrond waren et Streidereien tëschent dem aktuellen Inneminister Dan Kersch an dem Gilles Roth.
Eng Stonn laang souze se zesummen, d'Leit aus dem Inneministère an de Mamer Schäfferot an eng Affekotin. Et ass sech net an d'Käpp geschloe ginn, héiert een, et wier korrekt a konstruktiv no engem Auswee gesicht ginn aus der aktueller Situatioun. De Gilles Roth war ganz zefridden herno; et gesäit esou aus, datt d'Gemeng elo Appel mécht géint déi 2 Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht. Dat huet de Virdeel, datt den aktuelle PAG a Kraaft bleift. Parallel gëtt d'Prozedur regulariséiert.
Regulariséieren – wat heescht dat genee? De Schutz vum Patrimoine culturelle kënnt an d'Prozedur mat dran. D'Leit hunn dann iwwert de Wee vun der Enquête publique e Matsprocherecht.
Am Gemengerot muss also nach eng Kéier ofgestëmmt ginn. Et wier deeselwechte PAG, mat enger Exceptioun, nämlech d'Lëscht mat dem schützenswäerte Patrimoine. Da kéint eventuell een Element aus dem Environnement derbäi kommen.
A jo, ier mer et vergiessen, ausgeklamert ginn ass alles, wat bis ewell komesch oder litigiéis war: den Terrain hannert dem Gilles Roth sengem Haus, dee jo elo am PAG dran ass, an och datt de Gilles Roth Beamten aus dem Inneministère soll intimidéiert hunn, wat den Dan Kersch seet, wat de Gilles Roth dementéiert. An och datt wéint der Situatioun zu Mamer eng Enquête contre inconnu leeft – schwätze mer net driwwer.