RTL seet Merci!
All Dag si ronn 85 Prozent vun de Lëtzebuerger a Kontakt entweder mam Radio, mat der Télé oder mam Internet vun RTL Lëtzebuerg.
D'Resultater vun der neister TNS-Ilres-Etude iwwer d'Medien zu Lëtzebuerg leie vir ...
Dobäi schneit d'Famill vun all den RTL-Medien exzellent of: All Dag si ronn 85 Prozent vun de Lëtzebuerger a Kontakt entweder mam Radio, mat der Télé oder mam Internet vun der Mark RTL.
RTL Télé Lëtzebuerg kucken 39,6 Prozent vun de Lëtzebuerger.
RTL Radio Lëtzebuerg gëtt vu 54,6 Prozent gelauschtert.
Op RTL.lu surfe 36,8 Prozent.
E Chiffer, op deen RTL besonnesch houfreg ass: All Dag lauschteren 195.200 Persounen de Radio an dat am Duerchschnëtt 159 Minutte laang. Domat ass Radio Lëtzebuerg de Media Nummer 1 zu Lëtzebuerg.
Am Numm vun allen Equippen: e grousse Merci!
An e schéine Summer gewënscht :-)
PS Eng Remarque zum offizielle Communiqué: D'Zuelen dora bezéie sech op d'Gesamtbevëlkerung.