Dikrecher Brauerei: An engem Bréif vum 23. September huet Sites et Monuments sech un d'Gemeng adresséiert. 3 Gebaier sollen erhale ginn.

Gespréicher mam Sites et Monuments gouf et scho laang – och am Virfeld vum der Transaktioun bei där de Proprietaire gewiesselt huet. Rieds goung ëmmer iwwer e puer eenzel Gebaier, déi et wäert sinn ze protegéieren. An engem Bréif vum 23. September huet Sites et Monuments sech un déi Dikrecher Gemeng adresséiert an de Buergermeeschter Jacques Dahm huet sech dunn awer gewonnert. Do steet dann dran, datt si wëllen déi ganz Kadasternummer op den Inventaire setzen. Déi ganz Kadasternummer also, an net eenzel Gebaier. Dat kann de Jacques Dahm net novollzéien. Déi 2 Saachen si klasséiert, déi berümmt Grotte vir an der Entrée an dat hënnescht Gebai, wat laanscht d'Eisebunn leeft, eng Zockerfabréck.  Dat Gebai wier relativ flott, an der Wäert klasséiert ze sinn a wou ee sech och wéillt drëms këmmeren.

D'Gemeng ass och d'accord fir e weidert Gebai ze protegéieren, nämmlech dat Gebai mam Tuerm, wou den Humpen drop steet. Domat misst et awer gedoe sinn. Et soll net alles klasséiert ginn, well et Gebaier aus de 50er a 60er Jore sinn, déi deels eidel stinn an net an d'Rei gesat sinn.

Den Direkter vu Sites et Monuments, de Patrick Sanavia berouegt. Et wier nëmmen déi Prozedur lancéiert ginn, déi ëmmer lancéiert gëtt, dat heescht et huet ee sech op eng Kadasternummer fixéiert, wou de ganzen Areal drop steet. Dat wëll awer net heeschen, datt all Gebai onbedéngt erhale gëtt.

Et konzentréiert sech och fir Sites et Monuments op dräi Gebaier: D'Grotte virun der Dier, déi al Zockerfabréck an och den Tuerm mam Humpen drop. Do wier awer dat ganzd Gebai gemengt.

Dernieft misst een dann natierlech och préiwen, wéi e geplangten Ausbau sech an déi bestoend Gebaier agefügt. Grouss Schwieregkeete gesäit den Direkter vu Sites et Monuments do awer net.