RTL Radio, Télé an Internet meescht frequentéiert
An de spezifeschen eenzelne Mediesparten hunn d'Medie vum RTL Group hei zu Lëtzebuerg d'Nues vir.
Knapp 182.200 Leit lauschteren all Dag RTL Radio Lëtzebuerg, wat ronn 37,3 Prozent vun der Populatioun ausmécht. Mat bal 108.000 an 22 Prozent léit Eldoradio an dëser Statistik op Plaz 2, virum däitschen RTL mat 37.300 Nolauschterer.
Bei der Télé kucke ronn 23,2 Prozent vun der Populatioun RTL Télé Lëtzebuerg, wat eng 113.100 Leit sinn. Den zweeten RTL gëtt ëmmerhin nach vun 2,3 Prozent vun de Leit gekuckt. Via Internet kucken eng 22.500 Leit d'Lëtzebuerger Programmen.
Am Internet erreecht RTL.lu 126.600 Leit pro Dag, dat ass eppes méi, wéi e Véierel vun der Lëtzebuerger Populatioun. Eldoradio läit do op Plaz 4 mat 25.900 Leit hannert wort.lu an lessentiel.lu.