Och d'SNPGL kritiséiert, datt d'Primë vun de Staatsbeamten a Fro gestallt ginn.

Et hätt een sech laang roueg gehal an domat wär elo Schluss. D'Policegewerkschaft SNPGL huet es sat. Accorden an Versprieche goufen an der Conciliatioun net agehal an elo géing ee sech net méi vun der Regierung erpresse loossen.

Haaptkritikpunkte vun der Police-Gewerkschaft sinn d'Primë vun den Staatsbeamten, déi a Fro gestallt ginn. An d'Aféierung vun enger neier Carrière B an der Police, géint déi een prinzipiell näischt hätt, mä net an der Form wéi se aktuell presentéiert gëtt, erklärt den Jérôme Banchieri, Generalsekretär vun der SNPGL. Et weess et net vill iwwer déi Carrière, well d'Informatioune just eragedrëpst kommen. Et weess een net, ween an déi Carrière kënnt an et huet een aktuell keng Tabell fir de Salaire. Et weess een einfach net genuch, fir kënne mat driwwer ze diskutéieren oder fir ofzestëmmen, ob déi Aféierung gutt ass, oder net. Et ass een awer dogéint, datt just ee Service an der Police déi Carrière kritt.

AUDIO: Extrait Jérôme Banchieri

Et wär also elo Schluss. An Zukunft géing d'SNPGL net méi de Mond halen. Scho lescht Joer hätt een op der Assemblée Generale ugekënnegt, fir gewerkschaftlech Aktiounen ze ënnerhuelen an déi hätt een elo preparéiert. Natierlech dierft weder d'Arméi nach d'Police streike goen, mä et géing genuch aner Moyene ginn, sou nach Jérôme Banchieri.