Dës Formatioun soll de Frontallieren hëllefen, fir déi, fir Lëtzebuerg spezifesch, Regelen am Gesondheetssecteur ze léieren.

De Gesondheetssecteur huet, wéi all Secteur, seng spezifesch Spillregelen. Dës sinn net einfach ze verstoen. Dat gëllt virun allem fir d'Frontalieren, déi bei sech am Land een anere System gewinnt sinn. Weiderhëllefe soll do lo eng Formation Continue déi vum Institut Universitaire International Luxembourg, an Zesummenaarbecht mam Centre de Formation Professionelle Continue De Widong organiséiert gëtt.

AUDIO: Formation Continue IUIL / Reportage Carmen Michels

D'Formatioun mam Numm „les spécificités du secteur hospitalier“, riicht sech un d'Beruffer aus dem Gesondheetssecteur, esouwuel un déi aus dem administrativen, wéi och déi aus dem Fleegeberäich. D'Formatioun besteet aus 3 Deeler, déi je no Interesse ausgewielt kënne ginn. Deen éischte Modul behandelt de Kontext, also d'Organisatioun vum Spidol an dem Gesondheetswiesen hei ze Lëtzebuerg. Deen zweete Modul erklärt d'Rechter an d'Flichten, déi hei am Land gëllen. An dee leschten Deel presentéiert de Qualitéitsmodel, deen an de lëtzebuerger Spideeler gëllt.

Domat erfëllt d'Formatioun eng wichteg Missioun esou de Christian Weibel, Pressespriecher vum Institut Universitaire international Luxembourg. Och an deem Beräich ginn et ëmmer méi Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen, respektiv Lëtzebuerger, déi hir Studien am Ausland gemaach hunn an aner Beräicher do kenne geléiert hunn. Déi Leit kennen déi Spezifikatiounen, déi am Grand-Duché anescht sinn, wéi an anere Länner, net. Déi Formatioun soll hëllefen, fir déi Leit méi séier ze integréieren.

D'Formatiounen, déi op Däitsch oder Franséisch ugebuede ginn, gi vu Spezialisten aus dem spezifesche Beräich gehalen a sollen d'Participanten aktiv mat an de Cours abannen. Mä wéi geséit de finanziellen Aspekt aus?An der Regel, sou de Christian Weibel, ginn déi Formatioune vum Patron, also de Spideeler, matfinanzéiert. Awer och kann ee beim Staat Hëllefen ufroen. Donieft ginn et aner Präisser fir Leit, déi Member am Centre de Formation sinn. All d'Präisser kann een awer och um Internetsite vum Institut Universitaire international Luxembourg noliesen.

Gleeft een enger Analyse vum Institut, ass ganz kloer ee Besoin fir des Formatioun do. Et bleift ofzewaarden, ob dësen elo och mat enger Demande gedeckt gëtt an d'Formatioun eventuell regelméisseg ugebuede ka ginn. Je no gewieltem Modul dauert d'Formatioun 1 oder 2 Deeg an huet Plaz fir eng ronn 15 Participanten. D'Formatioune sinn am September an Dezember an umelle kann ee sech vun dëser Woch un.