Sinn d'Senioren hei am Land manner ufälleg fir dement ze ginn? Gleeft een dem LIH, dem Luxembourg Institute of Health, ass d'Äntwert op dës Fro kloer.

Jo, se si manner ufälleg!

D'Fuerschungsinstitut ass ee vun de Leader an de biomedezinesche Wëssenschaften an fënnt dëst Resultat esou intressant, dass weider Etuden iwwer déi kognitiv Kompetenze vun de Lëtzebuerger lancéiert goufen.

D'Gehir schaffen doen, sozial Kontakter hunn a Sport man – dat si vir unzefänken emol schonn déi Faktoren déi éischtens de Kierper fit, an zweetens d'Gehir bei gudder Gesondheet halen. D'Ausgangsbasis muss also stëmmen a wann een dann och nach hei am Land lieft, huet een, dem Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet no, quasi e 6er am Lotto, wat d'Vergiesslechkeet ugeet. Den Dokter Michel Vaillant ass Dokter an huet als Biostatistiker un der Etude iwwer d'Demenz deel geholl. Dass een hei am Land quasi all Dag an zwou oder dräi Sprooche kommunikéiere muss, hëlleft dem Gehir immens vill fir fit ze bleiwen.

A wann een dann nach esou fréi wéi méiglech mam Sprooche léieren ufänkt, respektiv déi schwätzt, entwéckele sech, de Fuerscher no, am Gehir Connectiounen, déi ee bei Leit déi just eng Sprooch schwätzen, net onbedéngt fënnt. Eng repräsentativ Stéchprouf vu 438 Persounen iwwer 64 Joer kënnt zur Konklusioun, dass hei nëmmen 3,8% vun den eelere Matbierger un Demenz leiden, par Rapport zu engem europäeschen Duerchschnëtt vun 6,4% a 26% sech bekloen, dass se Gediechtnes se heiansdo am Stéch léist. An Australien sinn dat zum Beispill 33%.

Dëst Lëtzebuerger Resultat ass esou intressant, dass den LIH weider fuerscht a wëllt wësse wou genee dat hierkënnt, erkläert de Wëssenschaftler Michel Vaillant. Et wéilt ee rausfannen, ob am Gehir verschidde Regiounen iwwerhaapt oder méi aktivéiert ginn, doduerch, dass ee méi Sprooche schwätzt.

Et ass eng Etude an Zesummenaarbecht mat enger däitscher Fuerschungsequipe a wien Loscht huet heirunner deelzehuelen, a säi Gehir vu 64 Joer oder méi bei der Aarbecht observéieren ze loossen, ka sech bei Institut mellen op der Telefonsnummer 26970-1.

AUDIO: Bal keng Demenz zu Lëtzebuerg / Reportage vum Monique Kater