An enger Reunioun vun der Commission juridique a vun der Commission de la Force publique gouf de Minister den Numm vum neien Direkter vun der PJ bekannt.

AUDIO: Policereform/Reportage Roy Grotz

Nom Eclat ëm de fréiere PJ-Direkter Jeff Neuens, dee vum Minister fir bannescht Sécherheet Etienne Schneider Vertrauensbroch an deloyaalt Verhale reprochéiert krut an doropshin huet missten demissionéieren, huet d'Regierung am Ministerrot de Claude Bingen als neien Mann un der Spëtzt vun der Police Judiciaire genannt.

De 55 Joer alen Beamte war bis ewell Police-Regionaldirekter zu Miersch an war ënner anerem och fréieren Direkter vun der Policeschoul. De Minister Schneider ass och virun den Deputéierten vun der zoustänneger Kommissioun op de Choix vum Claude Bingen agaangen. 40 Leit wieren der a Fro komm. Vun de 40 hätten der 5 sech gemellt. Vun deene 5 gouf deen erausgesicht, deen déi längsten a beschten Erfahrung huet. Dee Choix gouf unanime tëscht dem Policeminister an dem Justizminister gemaach.

AUDIO: Den Etienne Schneider

Och d'Procureure Générale Martine Solovieff gouf iwwert d'Nominatioun vum neien PJ-Direkter an d'Bild gesat. De Claude Bingen wier ee ganz gudden Enquêteur.

De Jeff Neuens selwer schafft elo net méi bei der PJ, mee am Domaine vum Dateschutz; hien huet dann och an der Chamberkommissioun wéi et heescht säi Mea Culpa gemeet - een Zouginn vun Faiten, datt hien éischter de Gewerkschaften an hirem Avis iwwert d'Reform bei der PJ de Réck gestäipt hätt, wéi dem Policegeneraldirekter a sengem Minister.

D'CSV-Oppositioun, déi de Minister iwwert d'Demissioun vum Jeff Neuens an der Kommissioun interpelléiert hat, schwätzt vun engem Kuddelmuddel, well et u sech jo ëm eng falsch Versioun vum Gesetzes-Text gaange war, un deem sech och d'Procureure Générale gestéiert hat an doropshin direkt Enn Juli e Bréif un de Minister Schneider adresséiert hat.

Doropshin gouf bannent Stonnen e verbesserten Text publizéiert; um Donneschdeg huet de Minister Schneider vun engem suboptimalen Ëmgang vum Dossier geschwat. Dee voluminéisen 160-Säiten-Text vun der Policereform ass elo um Instanzewee a waart op déi verschidden Avisen.

RTL

Hei d'Schreiwes:

Sur proposition d’Étienne Schneider, Vice-Premier ministre, ministre de la Sécurité intérieure, le Conseil de gouvernement a décidé en date du 15 septembre 2016 de proposer au Grand-Duc la nomination de Claude Bingen comme directeur du Service de Police judiciaire.

Licencié en sciences économiques appliquées de l’Institut d’Administration et de Gestion de l’Université Catholique de Louvain, Claude Bingen occupe depuis le 1er janvier 2011 la fonction de Directeur de la circonscription régionale de Mersch. Ancien Directeur de l’Ecole de Police, Claude Bingen a débuté sa carrière policière en 1994 comme membre du Service de Police Judiciaire.

AUDIO: De Pascal Ricquier
AUDIO: Reaktioun SNPGL/Reportage Eric Ewald

No enger leschter Réunioun, Enn Juli mat de Ministeren Etienne Schneider an Dan Kersch sollt d'Policegewerkschaft en Avis zum Avant-projet de loi iwwert d'Policereform schreiwen. Beim SNPGL war een Enn August dunn iwwerrascht, wéi an der Chamber de Projet de loi iwwert déi Reform vun der Police deposéiert gouf; dora wären och eng ganz Partie Saache geännert gewiescht.

Tëscht Enn September a Mëtt Oktober wëll den SNPGL säin Avis zum Projet de loi iwwert d'Policereform fäerdeg hunn. Vun deem engen zum aneren Text hätten ë.a. Saache geännert, wat de Begleedungscomité zur Reorganisatioun vun der Police judiciaire ugeet; domat war ee bei der Policegewerkschaft net d'accord:

VIDEO: Demissioun Jeff Neuens bei der Police Judiciaire
Op Drock vum Minister Etienne Schneider huet den Direkter vun der Police Judiciaire demissionéiert.