Wien net krank ass, geet haut schaffen – wien sech net gutt fillt, mellt sech krank – deen Taux vun Absentéissem op der Schaff louch 2015 bei 3,7%.

Dëse Chiffer ass liicht méi héich wéi d'Joer virdrun an dat huet d'Patrone 573 Milliounen Euro kascht. Dat waren 2,5% vun der totaler Remuneratioun. Zeréckzeféiere wier dës Hausse duerch d'Gripp-Epidemie vum Wanter zejoert.

46% vun allen Salariéen hunn dogéint keen Dag op der Schaff gefeelt. All déi aner hunn an der Moyenne 2,6 Mol bannent 8,5 Deeg gefeelt.

Dës Chifferen deelt de Groupe de haut niveau sur l'absentéisme mat.

Den Alter ass iwwerdeems e ganz wichtege Facteur beim Absenteismus. Den Taux vun deenen, déi iwwer 50 Joer al sinn, ass 1,7 mol méi héich wéi bei deenen, déi manner wéi 30 Joer hunn.

An der Moyenne si Frae mat 4,1% méi dacks krank gemellt, wéi Männer mat engem Taux vun 3,4%, wat och op d'familiär Situatioun zréckzeféieren ass.

Et sinn dann och an der Haaptsaach Persounen, déi eng manuell Aarbecht exerzéieren, déi méi dacks krank sinn. D'Statistik iwwert den Absenteismus hei am Land hält nach fest, dass 2015 4% vun de Frontalieren krank geschriwwe waren, géintiwwer 3,5% vun de Residenten.

Wéi et heescht, spille verschidde Facteuren hei mat. Ënnert anerem, de Fait, dass d'Frontalieren dacks laang ënnerwee sinn fir op d'Aarbecht respektiv nees heem, wat eng Ursaach fir Middegkeet an zousätzleche Stress ka sinn a seng Repercussiounen op d'Gesondheet huet. De Gros vun de Salariéen, déi krank geschriwwe ginn, schaffen am Santé- a Soziale Beräich. Hei louch den Taux vum Absenteismus zejoert bei bal 5%. Hannendru kommen d'Restauratioun an d'Hotellerie, de Bau- an Industriesecteur, den Transportberäich oder nach de Commerce. Wat nach d'Haaptursaache vum Absenteismus betreffen, sinn et an der Haaptsaach Knachekrankheeten, mental Problemer oder chirurgesch Interventiounen.

Den Emploi geet iwwerdeems och weider an d'Luucht. Dem Statec no, gouf am zweeten Trimester vun dësem Joer eng Hausse vun 0,8% notéiert. Am Verglach mat där selwechter Periode zejoert war et ee Plus vun 3%.