Réckruffaktioun vun Hipp
Metalldrot an de "Kinder Frühstücks-Ringe" fonnt

© www.hipp.de
Wéi de Pressebüro vun Hipp en Donneschdeg matgedeelt huet, gouf an hire Cerealien "Kinder Frühstücks-Ringe" Drot fonnt.
Den däitschen Liewensmëttelproduzent fir Kanner huet däitschlandwäit eng Réckruffaktioun gestart. Betraff sinn d'140gr-Päck mam Verfallsdatum tëscht dem 05.01.2017 an 19.04.2017 a mat der Artikelnummer 3536.
De Produit gouf aus de Regaler geholl an d'Konsumente gi gebieden, d'Wuer an d'Geschäfter zréckzebréngen an net ze konsomméieren. D'Suen kritt ee rembourséiert.
Am meeschte gelies