Salariatskammer acceptéiert de Gesetzprojet net

© RTL Archivbild
D’Salariatskammer huet e Mëttwoch matgedeelt, dass si de Projet de loi iwwert d’Reform vun der Fleegeversécherung net acceptéieren.
Dat geet aus dem Avis vun der CSL zum entspriechende Gesetzprojet ervir, deen e Mëttwochnomëtten vun der Salariatskammer presentéiert gouf.
D’CSL huet dobäi eng Rëtsch Kritiken un där Reform vun der Fleegeversécherung presentéiert: Ënner anerem kéim et net zu enger Verbesserung vun de Leeschtungen. Donieft gëtt am Avis op déi den Ament gesond finanziell Situatioun higewisen; déi geplangte Reform hätt allerdéngs e gewëssene Käschtepunkt.
An Zukunft eng nei geschafe Verwaltung Decisiounen huelen, eng Verwaltung, déi dem Minister ënnerstoe géif, huet de Jean-Claude Reding betount. Den CSL-President huet och d’Fro opgeworf, wat fir Konsequenzen et hat, dass an der Fleegeversécherung gespuert gouf. D'Cellule d'évaluation huet méi streng geschafft an d'Leit kruten d'Prestatiounen net.
Dat géif op den Dësch gehéieren, sot de Jean-Claude Reding, fir dee virun der Reform eng Analys vun der Qualitéit vun de Prestatioune misst gemaach ginn. An deem Kader sollt een déi Betraffen och ëm hir Meenung froen.