Bei Blessuren a Krankheeten un der Hornhaut ass heiansdo eng Transplantatioun vun dëser den eenzege Wee fir net blann ze gesinn.

D'Hornhaut ass déi viischt Haut vum A a se bewierkt, datt mer eppes kënne gesinn. Bei Blessuren oder Krankheeten ass heiansdo eng Transplantatioun vun der Cornée den eenzege Wee fir net blann ze gesinn. Leider sinn d'Waardezäite laang an déi komplex Operatioune kënnen och just am Ausland gemaach ginn.

AUDIO: Don de vue / Reportage vum Pit Everling

D'Hôpitaux Robert Schuman hu rezent awer decidéiert, fir sech un engem Programm fir Hornhaut-Transplantatiounen ze bedeelegen.

AUDIO: De Claude Braun

D'Cooperatioun mat der Uniklinik Homburg ass bis ewell e grousse Succès. Den Directeur médical, de Professer Dokter Claude Braun,  schwätzt carrement vu spektakulären Zuelen déi a 4 Méint um Kierchbierg konnte realiséiert ginn.

Vu 24 Verstuerwenen konnt d'Hornhaut prelevéiert ginn, dat sinn 48 Cornéeë, déi der Klinik zu Homburg zur Verfügung gestallt gi sinn. Spezialiste vum Service vun Homburg kommen op Lëtzebuerg fir d'Prelevementer bei de Verstuerwenen ze maachen. Jidderee kënnt do a Fro, den Alter zum Beispill ass egal.

Et geet dann och just ëm d'Cornée, betounen d'Medeziner an et ass op kee Fall esou, datt e ganzt A misst raus geholl ginn. Aus Qualitéits-Grënn geschitt den Agrëff bannent 24 Stonnen nom Dout. Da ginn nach déi néideg Analyse gemaach, iert d'Cornée op Homburg kënnt.

Bei alle Prelevementer muss et en Accord vum Concernéierten oder der Famill ginn. Déi meescht Leit soe "Jo", heescht et vun de Responsabele vum Spidols-Grupp. Am Idealfall gëtt et e "Passeport de vie" deen d'Saache vu vir era kläert.

Op der Welt gëtt et eng Millioun Transplantatioune pro Joer. Zu Lëtzebuerg kréien tëscht 45 - 50 Leit am Joer eng nei Hornhaut transplantéiert. De Succès vun esou enger Operatioun ass héich a läit bei 90 %.

Méi Informatiounen haut op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg.