E Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch en Accord iwwert de grenziwwerschreidenden Krankentransport mat der Belsch ënnerschriwwen.

Den neie legale Kader soll den Transport vu Patienten an och Organer tëscht Lëtzebuerg an der Belsch regléieren a vereinfachen, egal ob per Ambulanz oder mam SAMU.

D'Chauffere vun de Protection Civile Ambulanze brauchen am Prinzip e Camionsführerschäin, zu Lëtzebuerg gëtt et awer eng Derogatioun, d'Volontaire vun der Protex dierfen hei am Land mam normale Führerschäi fueren. An der Belsch bis elo net, seet de Michel Feider vum Inneministère, eleng um Beispill N40 zu Maarteleng, ass de Lëtzebuerger Ambulancier am Feeler wann en op der Belscher Säit erop fiert.

Och dierfen Ambulanzen oder de SAMU am Urgence-Asaz, also mat bloer Luucht a Sireen, elo duerch d'Belsch fueren, an déi belsch natierlech och duerch Lëtzebuerg, wa se eng Ofkierzung huelen. Dat war virdrun net erlaabt. Mam neien Accord ass dat legal geregelt.

Dat neit Reglement betrëfft och den Transport vun Organer an de Kandidaten déi sollen transplantéiert ginn. Wann hei am Land e Patient gestuerwen ass, sinn d'Equippen, déi d'Organer siche kommen och meeschtens déi, déi se herno transplantéieren. Déi Equippen kommen dacks d'Urgence hei op Lëtzebuerg gefuer.

Mat den aneren Nopeschlänner Däitschland a Frankräich gëtt et esou en Accord bis elo nach net.