D'lescht Woch ass och hei am Land d'Zuel vun den Influenza-Infektioune staark an d'Luucht gaangen. Dat ass méi fréi wei soss déi Joren.

AUDIO: Grippewell / Reportage vum Carine Lemmer

Mir mussen an den nächste Wochen dermat rechnen, datt d'Gripp méi staark gëtt, seet den Dr. Pierre Weicherding, Chef de Division vun der Inspection Sanitaire bei der Santé. "Ech mengen d'lescht Joer ware mir net extra domat geplot. Mä dëst d'Joer fänkt et awer un ze klammen."

Iwwer d'Feierdeeg ass d'Zuel vun den Infektiounen, déi dem Staatslabo gemellt goufen, also zolidd geklommen. E Grond, firwat dat dëst Joer méi fréi ass, ass schwéier ze soen.

"D'lescht Joer war et ausnamsweis relativ spéit. Do ass et bis wäit an de Februar eragaangen, éier een eppes konnt soen. 't ass eng kleng Well, dëst Joer kënnt se eben éischter. Wat awer elo déi genau Ursaach ass, dat kann een net soen. 't ass wuel een Zesummespill vu Wiedersituatiounen oder och Situatiounen, wou een net genau soe kann, wat et ass."

Wëssen deet een elo och nach net, wéi d'Epidemie verleeft oder wéi hefteg se gëtt. Dat weess een ëmmer eréischt duerno.

Nach kann ee sech impfe loossen, wann et nach Vaccin gëtt, sou den Dr. Weicherding. Dacks gëtt et nämlech keng Impfunge méi an den Apdikten, wann d'Grippewell bis am Gaangen ass, mä wierke géife se nach.

Normalerweis geet d'Grippewell iwwer e puer Woche respektiv ee Mount. Protegéiere kann ee sech mat Hänn Wäschen a sech net unnéitschen oder unhouschte Loossen.

"Den Iwwerdroungswee sinn déi kleng Drëpsen, déi vun de Leit, déi krank sinn an houschten an néitschen, ausgestouss ginn an an der Loft ronderëm schwiewen. Do ass schonn déi éischt Situatioun, wou ee ka bëssen dogéint virgoen, sech ebe vun esou Leit ewechhalen, wann dat méiglech ass. Dann och fir déi Leit, déi houschten an néitschen, oppassen, wa se dat maachen, dass si an den Aarm néitschen, den Aarm virun de Mond halen, dass se keng esou eng Drëpsen ausscheeden. Een aneren Iwwerdroungswee ass deen indirekten, duerch d'Hänn vun deenen, déi sech an d'Hand genéitscht oder gehouscht hunn. Dann iwwerdroen se d'Virusse virun."

D'Hygiène ass also wichteg: An den Aarm néitschen oder houschten an d'Hänn gutt wäschen!

Nieft dem Influenza-Virus sinn zanter Oktober awer och e ganze Koup aner Viren ënnerwee. D'Mesuren dogéint sinn ëmmer déi selwecht.

Den Influenza-Virus, also dee vun der Gripp, ka méi Komplikatioune maachen, speziell bei eelere Leit oder Persoune mat engem méi schwaachen Immunsystem.

Wéi entwéckelt sech d'Gripp hei am Land?

Dat kann een um Internetsite vum Staatslabo noliesen. Och d'Entwécklung déi lescht Joren ass do dokumentéiert.

All d'Fäll am Land, déi positiv getest ginn, gi pro Woch registréiert. Eng Rei vun Doktere maachen Ofstréch vun de Patienten, déi Grippesymptomer hunn. Da gëtt am Staatslabo getest, ob et den Influenza-Virus ass oder en anere Virus. Dat gëtt dann héich gerechent, fir ze wëssen op wéi engem Niveau d'Infektioune sinn.

Link: http://www.lns.public.lu/statistiques/grippe/index.html