De Gesondheetsministère warnt virun engem méi héije Risiko wann ee Cannabis consomméiert. Am Ausland koum et schonn zu Doudesfäll.

Rezent Analysen hu gewisen, datt a Gras, dat hei zu Lëtzebuerg kaf gouf, synthetesch Cannabinoïden waren. Eng Substanz, déi fir de Konsument ganz geféierlech ka ginn.

Den Alain Origer aus der Santé präziséiert, dass et an dësem Fall Molekülle sinn, déi am Labo fabrizéiert ginn an am Gehir d'selwecht reagéieren, wéi natierlech Cannabinoïden. Déi synthetesch Cannabinoïden sinn awer méi staark a méi toxesch.  D'Symptomer no der Consommatioun sinn Iwwelzegkeet, Krämp, sech iwwerginn a vu sech sinn. Am Ausland goufen et bis ewell 20 Doudesfäll, déi mat där Substanz a Verbindung bruecht ginn.

AUDIO: Den Alain Origer

Synthetesch Cannabinoïden ginn et a Form vu Pudder oder enger Flëssegkeet a kënnen u sech iwwerall bäigemëscht ginn, zum Beispill an d'Flëssegkeet fir E-Zigaretten oder a Kraidermëschungen.

RTL

© AFP

Le ministère de la Santé met en garde contre les risques sanitaires accrus liés à la consommation d’herbe de cannabis contenant des cannabinoïdes synthétiques (26.01.2017)
Communiqué par: ministère de la Santé

Des analyses récentes de substances psychoactives vendues au Grand-Duché de Luxembourg ont révélé la présence de cannabinoïdes de synthèse dans un échantillon de cannabis (herbe de cannabis).

Ces cannabinoïdes synthétiques, qui ont également été détectés dans d’autres produits (p. ex. liquides, essences, mélanges d’herbes), sont davantage puissants que les cannabinoïdes naturels ont déjà été associés à des cas de décès à l’étranger.

La consommation de ces cannabinoïdes de synthèse peut induire des symptômes tels que nausée, vomissement, crampes et perte de conscience.

Il est recommandé aux personnes ayant consommé du cannabis et ressentant ces symptômes ou d’autres symptômes inhabituels de demander immédiatement de l’aide médicale urgente.

Pour tous renseignements supplémentaires, veuillez contacter le ministère de la Santé au (+352) 247-85625.