
An de Gespréicher mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Justizministesch Sam Tanson gouf virun allem suggeréiert fir d'Recoursméiglechkeeten an den Texter méi kloer ze formuléieren. Wéi et um Chambersite ze liesen ass, hunn d'Deputéiert proposéiert, fir den Delai, fir kënne géint d'Quarantäns- an d'Isolementsmesuren virum Verwaltungsgeriicht a Recours ze goen, vu 5 op 2 Deeg ze kierzen. Och sollt d'Bezierksgeriicht an Zäit vun 48 Stonnen tranchéieren, wann eng infizéiert Persoun géint eng forcéiert Hospitalisatioun a Recours goe géif.
En anere Sujet war den Dateschutz. Den Ament gesäit de Gesetzprojet fir, datt d'Direction de la Santé d'Donnéeë vu Persounen, déi a Quarantän gesat goufen, mä deenen hiren Test negativ war, 6 Méint gehale ginn. Hei hunn d'Deputéiert en Avis vun der nationaler Dateschutzkommissioun gefrot. Dee soll och, fir déi zwee Gesetzprojete kommen, wéi d'Gesondheetsministesch e Mëttwoch erkläert huet. Déi parlamentaresch Aarbechten un de Covid-19-Texter ginn e Freideg an der Santéskommissioun weider. Do sollen och déi amendéiert Textpassagen scho mat afléissen. D'Aarbechten un de Covid-19-Gesetzprojeten musse schëtzeg virugoen well se nom Enn vum Etat de crise de 24. Juni prett musse sinn.
