
D'Pist vu 4.000 Meter gëtt komplett frëschgemaach. Heifir gëtt den Asphalt Stéck fir Stéck ofgedroen an ersat an et gëtt en neien Drainage-System installéiert.
D'Aarbechte sinn op zwee Joer ausgeluecht a solle vu Fréijoer bis Hierscht vun owes 23 bis moies um 6 Auer duerchgefouert ginn, also wärend dem Fluchverbuet an der Nuecht. En Impakt op de reguläre Fluchtrafic soll et also net ginn. D'Pist um Findel ass well laang net méi um neiste Stand. Ëmmer nees ass et notamment am Wanter virkomm, datt d'Pist wéinst Lächer kuerzfristeg huet misste gespaart ginn.
Geplangt ass, fir den Tarmac komplett frëschzemaachen an en op den neiste Stand vun der Technik ze bréngen, sou Lux-Airport. Mat ënnert anerem engem neie Waasseroflaf an LED-Beliichtung.