
Wéi d’Maacher Gemeng an engem Schreiwes matdeelt, soll den Zenter am August respektiv September vun dësem Joer fäerdeg sinn.
De Käschtepunkt beleeft sech op am Ganze 40 Milliounen Euro. Fir de Bau vum Zenter krut d’Gemeng allerdéngs Subside vun enger Partei Ministèren: Den Educatiounsministère huet sech mat ronn 6,7 Milliounen Euro um Bau bedeelegt, de Nohaltegkeetsministère huet 366.175 Euro bäigesteiert a ronn 1.25 Millioune koume vun der Kultur. De Landwirtschaftsministère bedeelegt sech och un de Käschten. Allerdéngs ass nach net gewosst, mat wéi vill Euro genee dat wäert sinn.