
Um Mëttwochnomëtteg gouf an en Haus an der Rue de la Gare zu Ëlwen agebrach. Éischten Erkenntnisser no gouf hei e Portmonni geklaut.
Owes gouf et dann en Abroch an en Haus an der Rue Ley zu Clierf. Hei haten d’Brigangen e puer Zëmmer duerchwullt an ënner anerem Bijouen an Auere geklaut.
A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.