
D’Police huet der an hirem Bulletin zwee erausgepickt.
An der Rue de Medingen zu Mutfert hu sech zwee Täter via d’Récksäit vum Haus Zougang verschaaft. Schief an Tiräng goufen duerchsicht a Bijoue goufe matgoe gelooss.
Aenzeien hunn dann nach en Abroch e Samschdeg géint 23 Auer an der Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg gemellt. Hei gouf an e Gebai agebrach, dat eidel steet. D’Aenzeien huet e puer Persoune gesinn, déi do Fënstere futti gemaach hätten, fir an d’Gebai ze kommen. Duerno wiere se geflücht, wouhin ass awer net gewosst.
Wat maachen, wa bei mir agebrach gouf? Informatioune vun der Police